#Lifehack Firwat ee Rechnungen net an de Portmonni soll maachen

Wien un der Kees steet wëll meeschtens séier bezuelen, stécht de Keesenziedel an, a genee dat ass falsch!

Leschten Update: 12.09.2019, 15:15:03

© Unsplash

Wie kennt et net, et steet een éiweg un der Kees an da geet et op eemol Schlag op Schlag. Et muss een apaken, bezuelen a sech da séier duerch d'Bascht maachen, dass deen nächsten an der Schlaang net dirängelt. Et wëll ee jo schliisslech net déi Persoun sinn, déi éiweg a sengem Portmonni kroomt an net aus de Féiss kënnt. Wat mécht een do: Et geheit een alles an de Kuerf an d'Rechnung gëtt séier an de Portmonni gedruddelt. A genee dat soll een evitéieren!

De Verbraucherschutz warnt di virdru Keesenziedelen am grousse ganzen am Portmonni ze verstauen, sief et gedruddelt oder net. De Grond: Esou ginn dës immens séier onnëtz. Rechnunge sinn nämlech op Thermopabéier gedréckt, dat heescht, datt d'Ziedelen duerch Erhëtzung bedréckt ginn. Dat spuert engersäits Faarf an och Käschten. Ma den Nodeel ass awer, datt, wa Wäermt am Portmonni entsteet d'Schrëft vum Keesenziedel lues awer sécher verschwënnt. Eng Rechnung ouni Text, dat bréngt weder dem Client, nach dem Verkeefer immens vill, ausser onnéideg Diskussiounen.

Ausserdeem verléiert een esou séier den Iwwerbléck, herno huet een eng Onmass vu Rechnungen am Portmonni an et weess ee guer net wéi eng een nach brauch a wéi eng net. Am Endeffekt geheit ee se dann awer all matenee fort wann een de Portmonni mol raumt, och déi, déi een eigentlech nach gebrauche kéint. Wann der gestresst un der Kees stitt geheit den Ziedel also einfach an d'Tut, dann denkt der och beim auspaken drun, e sécher iergendwou anescht ze verstauen. Wien et ganz genee hëlt kann eng separat Box uleeë fir d'Keesenziedelen ze sortéieren oder nach besser eng Kopie vun der Rechnung maachen.