HorrorfilmerWat eis un der Angscht esou unzitt

Fäerten ass éischter en negatiivt Gefill. An awer gi mir dat mat Horrorfilmer geziilt sichen. Mä firwat eigentlech a wat huet dat Ganzt mat Sex de dinn?

13.09.2019, 07:30:30

© Pixabay

De Mëttwoch ass bei eis den 2. Deel vun der Neiverfilmung „It“ ugelaaf a wann ee vun Horrorfilmer schwätzt dierf dee Film op kee Fall feelen. Ma fir vill Leit ass esou en Horrorfilm richteg ustrengend, vill Leit fäerten sech den Aa... aus der Box, trotzdeem ginn der vill dovun ugezunn.

Wéi Sex oder gutt Iessen

Firwat si mir vun Horrorfilmer esou faszinéiert? Schold dorun ass ënner anerem de Stoff Dopamin, deen ausgeschott gëtt, wa mir an engem Horrorfilm esou richteg dra sinn an d'Emotiounen iwwerspruddelen. Dat selwecht geschitt iwwregens beim Sex oder bei guddem Iessen an de Stoff huet en euphoriséierenden Effekt.

An d'selwecht wéi bei Sex oder Iesse kann aus der Loscht op Angscht esouguer eng Sucht no der Angscht entstoen, d.h. et brauch een de Reiz permanent. Ma et stécht nach méi dohannert.
Den Horror am Film ass e Kontrast zu eisem dach dacks langweilegen Alldag. Et kann een Emotioune wéi Angscht, Opreegung an Eekel erliewen ouni dobäi wierklech a Gefor ze sinn.

Hei de Reportage am Toun!


Iwwerschreide vu gesellschaftleche Grenzen

Dobäi geet et och drëms, dass Grenzen iwwerschratt ginn, wéi Mord oder Folter, ouni, dass dobäi Konsequenze musse gefaart ginn. Denkt een u verschidde Filmer, da sinn d'Zeenen an deene Figuren op besonnesch komesch, absurd oder bluddeg Aart a Weis ëmbruecht ginn éischter amusant nozekucken – ma eben ëmmer nëmmen am fiktiven.

Fuerscher no geet dovun eng gewësse Befriddegung aus ouni dobäi wierklech gesellschaftlech Normen ze iwwerschreiden. An um Enn ginn d'Filmer jo an der Reegel fir déi „Béis“, fir d'Monster oder fir de Geescht schlecht aus, d.h. d'Norme sinn dann erëm, déi wéi mir se kennen.

Stellvertriedend fir eis konnt den „Held“ da géint dat Béist gewannen.

Horrorfilmer sinn net fir jiddereen eppes

Ma net jiddereen huet Horrorfilmer gären an net op jidderee wierken se d'selwecht. Virun allem Kanner a Jugendlecher hunn an Etüde vill méi staark Angschreaktioune gewisen, wéi Erwuessener, wat wuel och mat der Erfarung mat Gewalt, Schrecken an Horrorfilmer u sech ze dinn huet.

Kanner awer och ängschtlech Mënsche kënnen doriwwer eraus dacks d'Fiktioun vun der Realitéit net esou gutt ënnerscheeden. Dofir sollt jiddereen och bei Horrorfilmer seng eege Grenze kennen an sech net gezwonge fillen dem Gemetzel weider nozekucke, wann een sech net méi wuel fillt.