"WaterBlitz"Zesumme mat der Uni Lëtzebuerg d'Waasser analyséieren

D'Waasserqualitéit vu Baachen, Flëss a Séien zu Lëtzebuerg selwer analyséieren - dat ass de ganze Weekend vum 20. September méiglech!

Leschten Update: 13.09.2019, 04:39:16

© Unsplash

Och wann de Niveau vun der Waasserqualitéit zu Lëtzebuerg par Rapport zu anere Länner héich ass, geet et awer ëmmer besser – dat huet sech wuel och d'Uni Lëtzebuerg geduecht. Zesumme mat der Organisatioun Earthwatch wëll een d'Bierger an d'Analysen abannen an d'Uewerflächewaasser am Grand-Duché ënnert d'Lupp huelen. Mam sougenannten "WaterBlitz" hunn déi Responsabel sech virgeholl, d'Fuerschung am Kader vun engem nohaltegen Ëmgang mam Waasser ze ënnerstëtzen, dat zesumme mat jidderengem, deen um Projet interesséiert ass.

Och wann et am Sënn vun der Fuerschung ass, muss een heivir keng speziell wëssenschaftlech Kenntnesser hunn. D'Uni stellt e spezielle Waassertest-Kit mat 3 Instrumenter zesummen, deen ee kritt, wa ee sech bis de 15. September um Internetsite vun Earthwatch ugemellt huet. Nieft nëtzlechen Informatiounen op freshwaterwatch.org kritt ee mam Kit och eng Broschür mat weideren Detailer. Wéi de Karl Pickar, Doktorand op der Uni erkläert, huet ee sech als Zil gesat, esou vill Date wéi méiglech ze sammelen.

Esou wëll een e geneeën Iwwerbléck iwwert d'Waasserqualitéit vu Flëss, Séien a Baachen a ganz Lëtzebuerg op d'Been stellen. Nei Informatioune kënne vu groussem Notze sinn, dat net just fir d'Wëssenschaft, mee och fir all Bierger oder och fir wichteg Decisiounen op politeschem Niveau. E wichtege Punkt bleift awer d'Abezéie vun de Bierger. Interesséiert Waasserrate ginn de Weekend vum 20. bis den 23. September an den Asaz geschéckt, dat net just zu Lëtzebuerg, mee zäitgläich och zu London, Paräis an och Dublin.

Lauschtert eran!