Tipps & TricksMéi relax en Horrorfilm kucken

Horrorfilmer, fir déi eng Ënnerhalung puer a fir déi aner Stress puer. Et ginn awer e puer Tricke wéi dat ganz méi agreabel gëtt.

13.09.2019, 06:30:31

© Pexels

Fir Leit déi méi ängschtlech sinn ass de Gang an de Kino fir do en Horrorfilm ze kucken eppes onvirstellbares. Éischtens fäerten déi Persoune sech do den Aarsch aus der Box an nom Film kann een och nach net gutt oder guer net schlofen. Meeschtens sinn dat souguer nach déi Kandidaten déi soss awer ëmmer "deck tuten".

Fir dann awer mol en Horrorfilm an de Kino kënne kucken ze goen, wier et scho mol gutt net eleng an de Kino ze goen. Zu 2 ass d'Stëmmung anescht an och vill manner ugespaant.

Wat d'Visite och nach méi agreabel mécht, ass wann een Dags iwwer an de Kino geet. Sou ass de Film fäerdeg wann et nach hell dobaussen ass an et muss ee net am däischteren heemfueren. En plus kann ee nach eppes ënnerhuele wat een op aner Gedanke bréngt.

Wann een de Film kuckt an dobäi eppes knabbert, hëlleft dat och, well dëst ass e Ventil géint d'Angscht. Duerch d'Knae gi Stresshormoner ofgebaut déi ausgeschott gi wann een Angscht huet.

Och wann et nëmmen e Film ass, panikéiere Leit reegelrecht am Kino. Do ass et sënnvoll deene Persounen nach eng Kéier virun Aen ze halen dass et nëmmen e Film ass an dass dat esou an der Realitéit net passéiere kann. Oder einfach nëmmen d'logescht denke wier och schonn net schlecht. Wann et virum Film keng Zombien, Gespenster a Vampire gi sinn, da ginn et déi nom Film och net.

An natierlech ass d'Schwätzen och eppes wat ee bei engem Horrorfilm ka berouegen. Wann der also am Kino sëtzt an dir héiert aner Leit permanent schwätzen oder laachen, da kënnt der iech sécher sinn dass dat vun Angscht ass. Well och d'Laache reduzéiert d'Uspanung am Kino.

Wee mam Gekickels a mam Gelaachs awer iwwerdreift, deem mécht de Film absolut näischt aus, well een aus dem Kino flitt.

Lauschtert eran