EmotiounenExtrovertéiert mécht glécklech

Wie sech bewosst extrovertéiert behëlt, ass méi zefridden. Dat geet aus enger Etüd vun der University of California ervir.

Leschten Update: 16.09.2019, 04:00:02

© Jesse Grant / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

D’Wëssenschaftler hunn 130 Testpersounen rekrutéiert a se gefrot, zwou Wochen laang hiert Verhalen ze änneren. Déi eng Halschent vun de Kandidaten gouf opgefuerdert, sech fir d'éischt 7 Deeg laang besonnesch gespréicheg, spontan a selbstbewosst ze ginn. An der 2. Woch sollte si da méi roueg an zréckhalend si wéi üblech. Déi aner Grupp vun den Testpersounen huet de Versuch an der ëmgekéierter Reiefolleg gemaach. Fir dass si hir Aufgab net vergiesse sollen, goufe si vun de Fuerscher tëschenduerch ëmmer nees drun erënnert.

Wärend hirer extrovertéierter Woch hunn d’Kandidaten an der Moyenne méi positiv Emotiounen wéi üblech erlieft. Dat ass aus reegelméissege Befroungen ervir gaangen. Wa si sech hu missen introvertéiert verhalen, dann huet sech genee dat ëmgekéiert Muster gewisen.  Dat heescht, an deem Fall hunn d’Kandidaten seele vu gudde Gefiller geschwat. Negativ Emotiounen hunn zougeholl.

Den Zesummenhang tëscht Extroversioun an Zefriddenheet ass net nei. Schonn an der Vergaangenheet hu Psychologen entdeckt, dass Mënsche mat enger extrovertéierter Perséinlechkeet tendenziell och méi glécklech sinn. Ob dat eent dat anert bedéngt, war awer laang onkloer. Mat dësem Experiment hunn d‘Wëssenschaftler elo nogewisen dass ee sech tatsächlech besser fillt, wann een eng gewëssen Zäit e bësse méi aus sech erauskënnt.