2 Mol dëst JoerWat ass um Freideg, dem 13. drun?

E gëllt als Onglécksdag, mee vu wou kënnt et, datt een Angscht virum Freideg, dem 13. huet?

13.09.2019, 16:21:24

© Unsplash

Freides, den 13. - fir déi eng e ganz normalen Dag, fir anerer 24 Stonne voll gepaakt mat Ongléck, Horror a richteg vill Pech. Ma wéi bei villem féiert eis d'Geschicht ronderëm deen onbeléiftsten Dag am Joer bei d'Bibel.

Lauschtert eran!

Ob dat wierklech esou geschitt ass, sief emol dohinner gestallt, ma den Iwwerliwwerungen no ware beim leschte sougenannten "Abendmahl" 13 Persoune present. Ee vum Jesus senge Jünger, de Judas, huet hie verroden an de Jesus ass gekräizegt ginn. Also: Verrot vun enger 13. Persoun an op engem Freideg gekräizegt ginn – dat mécht effektiv Sënn.

Et ginn Honnerte Geschichte ronderëm den Ursprong vum Ongléck ronderëm d'Zuel 13 a Kombinatioun mam Freideg. Dës hunn ënnert anerem dozou gefouert, datt et a villen Hoteller weder eng Kummer 13 nach eng 13. Etage gëtt an och a Fligere gëtt op d'Rei 13 an den 13. Sëtz dacks verzicht. Et gëtt souguer e Begrëff fir d'Angscht virun der Zuel 13: Ass dat bei iech de Fall, leit dir ënnert Triskaidekaphobie.

Dës Angscht kann op engem Freideg, dem 13. och zu méi Krankeschäiner féieren. Ob een op dësem Dag wierklech vum Pech verfollegt ass, léisst sech net eendeiteg soen: Fuerscher an Etüden (ADAC-Auswäertung vun de Joren 2004 bis 2016) no geschéien op engem Freideg, dem 13. net vill méi Accidenter oder soss Schied, wéi op anere Freideger.

Ma a Finnland gëtt dësen Dag vum Gesondheetsministère an dem Route Kräiz awer souguer genotzt, fir d'Bewosstsinn fir d'Sécherheet am Stroosseverkéier ze schäerfen. Sou oder sou, dréit de Spiiss einfach ëm a maacht aus dësem Dag äre Glécksdag! Geet awer eppes schif – et ass jo ebe freides, den 13. Deen nächste Freideg den 13. ass iwwregens am Dezember...