London CallingDe Comeback vum David Cameron

D’Gespenst vum Brexit ass nees zréck! Riets ass weder vum Nigel Farage oder Theresa May, nach vum Boris Johnson.

Leschten Update: 16.09.2019, 14:11:40

© pixabay.com

Nee, et geet ëm de Briten hiren Ex-Ex-Premier, den David Cameron. Deen huet sech jo déi lescht puer Joren net méi ëffentlech blécke gelooss – an dat aus guddem Grond! Him ass bewosst, dass e Groussdeel vun de Briten him d’Schold gëtt fir de Misär an deem d’Land am Moment stécht. Schliisslech war hien et, deen de Brexit-Referendum virgeschloen an organiséiert huet.

Lauschtert hei de Reportage:


Den David Cameron mellt sech awer elo net zréck, well e sech schëlleg fillt oder aus engem anere moralesch wichtege Grond. Nee, hie mécht elo gäre Reklamm fir seng Memoiren déi en Donneschdeg erauskomme wäerten. Doranner wäert een da liese kënnen, wéi schlëmm hien d’Lag ronderëm de Brexit am Moment fënnt, wéi hie sech vum Boris Johnson bedru fillt mee awer och, dass hien trotzdeem net fënnt, dass de Referendum e Feeler war.

Am Virfeld ass dann och erauskomm, dass den David Cameron sech en extra Gaardenhaischen kaf huet, fir doranner seng Memoiren ze schreiwen. Ronn 30.000 Euro huet hien sech dat gutt Stéck kaschte gelooss, ongeféier esouvill, ewéi den Duerchschnëttsbritt am Joer verdéngt. Dës Nouvelle ass bei de Leit natierlech iwwerhaapt net gutt ukomm an ob säi Buch en Hit gëtt, ass ze bezweifelen. D’Briten hunn nämlech am Moment ganz aner Suergen ewéi en Ex-Premier ze ënnerstëtzen, deen hinnen dëse ganze Schlamassel mat agebrockt huet.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter