London CallingLuxus Afternoon Tea

Et gi wéineg Saachen, déi esou traditionell britesch sinn ewéi de sougenannten "Afternoon Tea".

Leschten Update: 02.10.2019, 09:13:23

© pixabay.com

Ween op London kënnt, dee muss op d'mannst ee Mol de sougenannten "Afternoon Tea" probéiert hunn – an do ginn et eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten, vum Afternoon Tea an engem roude Londoner Doppeldecker-Bus, bis hin zum Afternoon Tea op engem Boot. Elo gëtt et awer dee wuel exklusiivsten Afternoon Tea an der britescher Haaptstad – an dee kann een um 35. Stack vum Shard, deem héchste Gebai hei zu London, genéissen.

Lauschtert hei de Reportage:

D'Entrée zum Lift © Serge Reuter

Wéi exklusiv dat Ganzt ass, mierkt ee schonn, ier een iwwerhaapt am Restaurant mam Numm “Ting” ukënnt. D’Gäscht kënnen hei nämlech en exklusive Lift huelen, dee si direkt op de 35. Stack bréngt, ouni sech mat den Touristen an anere Leit erëmschloen ze mussen. Uewen ukomm, huet een net nëmmen eng spektakulär Vue iwwert ganz London, mee d’Iessen an d’Gedrénks dat een zerwéiert kritt, sinn och nach exzellent. Hei ginn et ënnert anerem eng Mojito-Taart oder selwer gemaachte Macaronen.

© Serge Reuter

Den Afternoon Tea ka schonn emol e puer Stonnen daueren, a wien do dertëschent eng Kéier op d’Toilette muss, huet net nëmmen déi bescht Vue, déi ee vun enger Toilette kann hunn, mee kënnt nach an de Genoss vun engem waarmen Toilettesëtz, dee vibréiert an nach e puer aner ongewéinlech Saache mécht, wann een dat da gären hätt.

Afternoon Tea © Serge Reuter

Dee ganze Spaass ass mat ronn 90 Euro pro Persoun alles aneschters ewéi geschenkt. Mee et ass en Erliefnis, dat et definitiv derwäert ass.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter

Vue iwwert London © Serge Reuter