Lidder, déi mir kennen an och netHits, déi een dacks falsch versteet

Wann dir denkt "I don't like Mondays" ass iwwert Méindes-Muffelen an "Hallelujah" ass e romantescht Hochzäitslidd, da lauschtert léiwer nach emol!

Leschten Update: 17.09.2019, 04:04:01

© Unsplash

1. Born In The USA - Bruce Springsteen

E patriotesche Song ouni weidere Message? Dat hat de Ronald Reagan wuel deemools geduecht wéi en den Hit Born In The USA vum Bruce Springsteen, ouni deem seng Erlaabnis, fir säi Walkampf benotzt huet. Jiddereen, deen den Songwriter och just e bësse kennt, weess seng Lidder sinn dacks politesch ugehaucht. Ma och a Born In The USA geet et manner ëm d'Léift zu sengem Heemechtsland a méi ëm d'Suite vum Vietnamkrich an traumatiséiert Veteranen. Eng Hymne vum Patriotismus ass et soumat ganz sécher net, ma och trotz dem penibele Feeler vum deemolege President, gouf de Reagan op en Neits gewielt.

2. Hallelujah - Leonard Cohen

Dat typescht Hochzäitslidd, et ass jo och wierklech schéin a romantesch...oder?! Wie bei där Meenung bleiwe wëll, deen huet besser sech d'Lyrics net genee unzekucken. Am Song geet et em d'Friemgoen, fir genee ze sinn ëm biblesch Geschichten, déi meeschtens net gutt ausgaange sinn.

3. I Don't Like Mondays - The Boomtown Rats

Fir de Bob Geldof a seng Band Boomtown Rats war "I Don't Like Mondays" 1979 e risegen Erfolleg an och haut nach gëtt de Song gäre mol op engem Méindeg ugestëmmt. Am Text geet et awer ëm eppes vill méi Dramatesches wéi just de Start vun enger neier Schoul/Aarbechts-Woch. D'Inspiratioun war den Amoklaf vun enger 16-järeger Schülerin, bei deem 2 Persounen ëm d'Liewe komm sinn an 9 verletzt goufen. Seng Begrënnung nodeems et festgeholl gouf: "I don't like Mondays" also ech hu Méindeger net gären.

4. No Woman No Cry - Bob Marley

Wann de Bob Marley "No Woman No Cry" sengt, da mengt hien net, dass d'Welt ouni Frae méi einfach wier, och wa vill Leit dat esou interpretéiert hunn. "Nee Fra, kräisch net", dat ass den eigentleche Message vum Reggae-Sänger an e Versuch eng Fra mat senge Wieder ze tréischten.

5. I Will Always Love You - Whitney Houston

Ee vun de gréisste Libeslidder schlechthin ass den Hit "I Will Always Love You", geschriwwe vum Dolly Parton a gesonge vum Whitney Houston. Schued just, dass et sech beim Hit net ëm eng Lovestory handelt mee en traurege Moment. D'Sängerin seet hei ënnert Tréinen senger grousser Léift Äddi well et net dat richtegt fir déi aner Persoun ass.

6. Every Breath You Take - The Police

Eigentlech erkennt een hei schonn nom éischte Refrain, dass iergendeppes an deem Lidd onheemlech ass. Geschriwwe goufen d'Lyrics nämlech aus der Perspektiv vun engem Stalker. An engem Interview huet de Sting souguer verroden, datt hie wärend dem Schreiwen u Big Brother, Iwwerwaachung a Kontroll geduecht huet. Perfekten Hochzäitssong also.

7. Griechischer Wein - Udo Jürgens

E Glas Wäin am Grapp, den Noper am Aarm an da geet et lass. Et gëtt geschunkelt, gedronk a matgegrölt, ëmmerhin ass "Griechischer Wein" vum Udo Jürgens jo e Party-Lidd, oder?!  De Song spillt op alle Fall an engem Café a gedronk gëtt och, ma d'Lidd dréint sech am Fong ëm griichesch Gaaschtaarbechter an Däitschland, déi duerch de Wäin eng Verbindung zu hirer Heemecht sichen a strotzt soumat vu Melancholie.