FuerschungDuerch Yoga gëtt eist Gehir méi kleng

An enger Etüd hu Fuerscher d’Auswierkunge vu Yoga a Meditatioun op eist Gehir ënnersicht. Dobäi koum eraus, dat duerch Yoga eist Gehir schrumpft.

Leschten Update: 17.09.2019, 11:51:22

© pexels.com

Da geet een all drëtten Dag an de Yoga Cours fir sech auszepoweren well ee mengt, dat et dem Kierper a Geescht gutt deet, an da kommen d’Fuerscher op eemol mat enger Etüd ëm den Eck, déi behaapt dat duerch de Yoga een Deel vun eisem Gehir méi kleng gëtt.

Pardon wat?

Dat ass effektiv d’Resultat vun enger grouss-ugeluechter Etüd vun hollännesche Fuerscher. D’Fuerscher hunn deemno erausfonnt, dass dee Beräich vum Gehir, dee fir negativ Emotioune responsabel ass, bei reegelméissegem Yoga, méi kleng gëtt. Wat jo dann duerchaus positiv ass, wa manner negativ Emotiounen do sinn.  

D’Fuerscher hu fir hir Etüd d’Date vu 4.000 Participanten analyséiert. Dës hunn ee Froebou iwwer Meditatioun a Yoga-Übungen ausgefëllt, an och een MRT-Scan maache gelooss. Ronn 2.400 Testpersounen hunn dann tëscht 2008 an 2013 e puer mol hiert Gehir scanne gelooss. Sou konnten d’Fuerscher déi laangfristeg Verännerungen an de Gehir-Strukturen analyséieren.

Weider hu si erausfonnt, dass Meditatioun a Yoga bei den Testpersoune souwuel de Stress-Niveau wéi och den Ëmgang mat Stress beaflosst hunn. Déi, di uginn haten, Yoga ze praktizéiere oder ze meditéieren, hu vu vill Stress an hirem Alldag geschwat. Hinnen no hu Meditatioun a Yoga gehollef, sech ze entspanen a méi stress-resistent ze ginn.

Obwuel d’Etüd mat ville Leit duerchgefouert gouf, ass et awer nëmmen eng Auswiel vu Participanten, déi am allgemenge gesond a motivéiert war, sech der Fuerschung unzeschléissen. Doriwwer eraus, huet sech d’Etüd virun allem mat Persoune vu 45 Joer un befaasst. Et sinn deemno weider Fuerschungen noutwenneg, eben och mat méi jonken Testpersounen.

Trotzdeem huet d’Fuerscherteam e weidere gudde Grond ginn, fir mat Yoga a Meditatioun unzefänken. An deem Sënn: Om an Namasté!