HoroskopStärenzeechen déi besonnesch hannerrécks sinn

Wann een dem Horoskop gleeft, da ginn et verschidde Stärenzeechen, déi ee besonnesch falsche Charakter hunn.

Leschten Update: 30.09.2019, 14:21:49

© Screenshot YouTube

Wat bass du am Stärenzeechen? Eng Fro, déi mer schonn all eng Kéier gestallt kruten. Dacks denkt ee sech net wierklech eppes dobäi, wann an iergendenger Zeitung beim Horoskop steet: "Du wäers et net einfach kréien, mee denk drun, nëmmen de geréngste Fonken Harmonie bändegt all Chaos!" Sou Sätz kann ee sech zu Häerz huelen, muss een awer net.

Dem Horoskop no ginn et allerdéngs och eng ganz Rei Stärenzeechen, déi besonnesch hannerrécks sinn.

Een dovun ass de Skorpioun. Dësen ass zwar voller Leidenschaft a mécht ëmmer alles mat 100% Iwwerzeegung, leider si seng Aussoen oft net éierlech a et gëtt gelunn ouni mat der Wimper ze zucken. Dat ka sech esou äusseren, dass se zum Beispill ënner Kollege Geschichten erfannen, fir am Mëttelpunkt ze stoen. An dat fält och nach kengem op, well déi Leit hir Lige mat extremem Selbstvertrauen zielen.

Ëmmer e Plang an zilorientéiert sinn d'Widderen. Allerdéngs iwwerrumpelen se mat hirer récksiichtsloser an egoistescher Aart besonnesch sensibel Mënschen. Am Noutfall litt de Widder och fir seng Ziler ze erreechen. Mam Motto "Mam Kapp duerch d'Mauer" probéiere se alles duerchzesetzen, wat se am Kapp hunn.

Op d'Fësch muss ee besonnesch oppassen. Se sinn oft schei, stralen eppes Positives aus a wierken dowéinst och extrem unzéiend op aner Mënschen. Mee och hei heescht et oppassen. D'Fësch sinn nämlech Meeschter am Léien. Dat geet vun der klassescher Excuse wéinst dem Ze-Spéit-Komme bis bei d'Verheemleche vum Friemgoen. Am léifste vertusche se alles a loossen da Gras driwwer wuessen, fir keen ze verletzen.

Keng Angscht, dat heescht awer nach laang net, dass dir d'Leit elo ëmmer fir d'éischt no hirem Stärenzeeche froe musst, ier der se an äre Frëndeskrees ophuele kënnt. Mir wësse jo all: Horoskoper si mat Virsiicht ze genéissen.





Lauschtert eran