EtüdenKënne Scheedungskanner keng stabil Bezéiunge féieren?

Wann d'Eltere sech scheeden, wierkt vill op e Kand an. Wat bedeit déi gescheitert Bezéiung vun den Eltere fir déi eegen zukünfteg Bezéiungen?

02.10.2019, 05:42:08

© Pexels

"Scheedungskand", dat kléngt éischter wéi eng Diagnos an net wéi den Zoustand eben d’Kand vu gescheeten Elteren ze sinn. An dat ass de Problem, d’Fuerschung beschäftegt sech vill a gäre mat den Auswierkunge vun enger Scheedung op d’Kand. Leider awer ëmmer nëmmen aus enger negativer Perspektiv.

Scheedungskanner kréie méi schlecht Nouten an der Schoul a si méi ufälleg fir Depressiounen, dat ass d’Fazit vun Etüden aus dem „European Sociological Review“ respektiv dem „Journal of Clincial Child Psychology“. Si gi souguer méi dacks krank, esou Fuerscher un der Carnegie Mellon University zu Pittsburgh. Alles dat wëll d’Wëssenschaft schonn erausfonnt hunn. Wat och logesch ass, wann ee bei den Etüden nëmme Froen iwwer déi negativ Konsequenze vun enger Trennung op d’Kand stellt.

Sou och bei der Fro, ob Scheedungskanner méi Problemer dobäi hunn laangfristeg a stabil Bezéiungen opzebauen, wéi Kanner vun Elteren, déi nach zesumme sinn.

D'Äntwert ass bei all Famill anescht, well d’Elteren déi wichtegst Roll spillen. Gi si och no der Trennung weiderhi respektvoll mateneen an empathesch a verständnisvoll mam Kand ëm, ass scho vill gewonn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Wann d’Ëmstänn also gutt sinn, da kann ee sech dach ouni Problem virstellen, dass d’Scheedungskand souguer besser fir d’Bezéiungs-Liewe virbereet ass, wéi aner Kanner. D’Kand konnt gesinn, wat an der Zäit falsch gelaf ass, wou d’Elteren nach zesumme waren. A genau sou huet et erkannt, dass eng Scheedung net d’Enn vun der Welt bedeit an d’Famill weider existéiert. Déi Erfarungen hëllefen immens an enger eegener Bezéiung.

Wichteg ass et awer och ze betounen, dass kee sengem Schicksal einfach esou ausgeliwwert ass. Mat professioneller Hëllef loosse sech Verhalens-Muster a Bezéiungen, déi ee souzesoe vun den Eltere „kopéiert“ huet, veränneren.