"Höhle der Löwen"Lëtzebuerger Koppel huet erfollegräich gepitcht

D'Jill Audrit an den Adel Adrovic konnten e Léiw vun hirem Produit iwwerzeegen!

Leschten Update: 02.10.2019, 09:16:55

© Adel Adrovic

Wann der doheem staubsaugt, geschitt et dacks, datt de Staubsauger iergendwou hänke bleift, dir zitt drun an zack bleift en erëm iergendwou hänken. Maacht dat mol e puer Mol, iergendwann hutt der Téitschen un den Ecke vun de Maueren oder Miwwelen.

D’Jill Audrit an den Adel Adrovic hunn eng Léisung fir de Problem fonnt an e Produit dofir op de Marché bruecht, dee si en Dënschden den Owend an der däitscher Show "Höhle der Löwen" op Vox gepitcht a gehofft hunn een Invest vun de Léiwen ze kréien.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:
Links