Petitioun 1388"Fraen, Männer a Kanner vun haislecher Gewalt betraff"

D'Petitioun vum Ana Pinto fuerdert, datt nach méi géint d'Gewalt am Stot ënnerholl gëtt. Et wier een um richtege Wee, ma duergoe géif dat nach laang net.

Leschten Update: 02.10.2019, 17:36:46

© Unsplash

A well et dem Ana Pinto no net duergeet, huet si dës Petitioun lancéiert. De Parquet huet zejoert 231 Expulsiounen autoriséiert, dat sinn der méi wéi 2017. Deemools waren et der 217. Der Ministesch fir Chancëgläichheet Taina Bofferding no, sinn d'Zuelen zwar stabel, ma all Affer ass een Affer ze vill. Dës Usiicht deelt och d'Ana Pinto, déi an deem Kader eng Petitioun agereecht: d'haislech Gewalt an den eege 4 Wänn méi effikass bekämpfen Dem Ana Pinto no sollen déi bestoend Gesetzer applizéiert ginn.

Lauschtert eran!

Um richtege Wee, mee et muss nach méi gemaach ginn

D'Ratifizéierung vun der Istanbuler Konventioun gesäit zum Beispill eng Helpline vir – dës wier hei am Land awer nach ëmmer net aktiv. Donieft verlaangt Petitionnairin spezifesch Formatioune fir déi Leit, déi mat den Affer a Kontakt trieden a wëssen, wéi ee mat där Situatioun ëmgeet. Déi nei Campagne "Gewalt deet wéi! Wier dech, du kriss gehollef!" vum zoustännege Ministère begréisst d'Petitionnairin.

Méi Investitiounen an Opfankstrukturen

Ma bei esou Aktioune wier et wënschenswäert, d'Persounen, déi et selwer hu misste matmaachen, mat anzebannen. E weidere wichtege Punkt ass dem Ana no dee finanzielle Volet. Et solle méi Suen an Opfankstrukturen an Haiser investéiert ginn, déi d'Affer ophuele kënnen. A Punkto Justiz hëlt d'Petitionnairin d'Beispill aus Spuenien: Zënter engem Joer ginn esou Fäll vu spezielle Geriichter behandelt, déi sech just dorëms këmmeren.

Speziell Geriichter, déi sech just mat esou Fäll befaassen

Esou wieren d'Fäll vun haislecher Gewalt bannent engem Joer ëm 40 Prozent erofgaangen. Déi juristesch Demarchë sinn a Spuenien besser gereegelt, well den Täter zum Beispill bannent 15 Deeg viru Geriicht muss kommen – zu Lëtzebuerg kënnt et dacks net esou wäit a wann, kann et scho mol e gutt Joer daueren, sou d'Ana weider. D'Petitioun 1388 kann nach bis den 8. November ënnerschriwwe ginn.