Maacht lues mam DrénkenZe vill Waasser ass geféierlech

Waasser ass jo u sech enorm wichteg fir de ganzen Organismus. Iwwerdreiwen däerf een et awer och net. Ze vill Waasser drénke ka geféierlech ginn.

Leschten Update: 02.10.2019, 15:35:41

© Pexels

Ouni Waasser kann de Mënsch net iwwerliewen. Waasser mécht nämlech méi wéi 50 Prozent vun eisem Organismus aus. Bei Bebéë sinn et souguer 70 Prozent.

De Kierper scheet awer och permanent Waasser aus. Sief dat duerch den Daarm oder duerch d’Nieren, iwwert d’Haut wann ee schweesst oder souguer beim Ootmen. Fir dat erëm eran ze kréien, soll ee pro Dag ëmmer op mannst 1,5 Liter Waasser drénken. Mee wéi gesäit et a punkto Maximum aus?

Net nëmme beim Alkohol, och wann ee Waasser drénkt muss ee seng Limitte kennen. De Kierper huet nämlech net onendlech vill Plaz fir ze vill Waasser an ze kuerzer Zäit ze stockéieren. De Mo vun enger gesonder Persoun huet am Duerchschnëtt e Volume vun 2L. De Manktem u Plaz ass awer nëmmen een Deel vum Problem.

E puer Liter Waasser suergen dofir, dass d’Blutt am Kierper extrem verdënnt gëtt. Doduerch ass vill manner Salz am Blutt wéi am Gewebe direkt donieft. Fir dat auszegläichen, gëtt Waasser an d’Zelle gespullt an déi schwëllen un. Da schwätzt ee vun engem Ödem. Am geféierlechste sinn esou Ödemen am Gehir, well do permanent Schied optriede kënnen.

D’Resultat: Kappwéi, Iwwelzegkeet a Krämp am ganze Kierper. Wat u sech duerch d’Drénke verhënnert sollt ginn, ass op eemol d’Konsequenz vu sou enger Waasser-Iwwerdosis. Anescht gesot: Dir hutt eng Waasser-Vergëftung.

Normalerweis kënnt een awer net an déi Situatioun, well d’Nieren d’Flëssegkeet séier erëm lass wëlle ginn.

Lauschtert einfach op äre Kierper an drénkt ëmmer dann, wann deen iech seet, dass en Duuscht huet. Nom Sport ass Waasser mat ville Mineraler amplaz Krunnewaasser besser fir d’Erhuelung.

An nee, dat ganzt soll keng Excuse si fir ze soen: "Wa Waasser esou geféierlech ass, da gëtt haut ebe Béier gedronk."