Life of Bryan"Borderlands"-Trilogie: Stairs?!

Den OG Looter-Shooter ass erëm do.

Leschten Update: 03.10.2019, 12:39:14

© YouTube Screenshot

Borderlands 3 ass Ufanks September mat Erfolleg um Maart ukomm. Nodeems den éischten Deel 2009 de Looter-Shooter Genre definéiert huet, hieft den drëtten Deel 10 Joer duerno den Standard op eng nei Héicht.

Interessanterweis bleift Borderlands 3 senge Wuerzele extrem trei. An engem Genre wou Titele wéi Anthem, Destiny a Warframe probéiere sech mat eenzegaartege Mechanics vun der Mass ofzehiewen, huet Borderlands 3 sech am Kär iwwerraschend wéineg geännert. Dier spillt 1 vu 4 verschiddene Charaktere mat deem dir iech am Kader vun enger cooler Story duerch dausende vu Géigner duerchschéisst, ëmmer op der Sich no besserem Equipement. War am am éischte Borderlands esou, genee sou wéi am 2. an elo och am 3. Mier vergiessen einfach mol ganz diskret dee manner gudde Pre-sequel Deel ok?

Wéi kënnt et also dass Borderlands ouni grouss Innovatiounen trotzdeem esou gutt ukënnt?





Gearbox huet sech fir den Ofschloss vun der Trilogie konsequent op d’Verbesserung vun ale Qualitéite konzentréiert. Méi Waffen, méi Witz, méi Talenter, einfach méi vun allem wat Borderlands gutt mécht. Et huet virun 10 Joer fonctionnéiert an et zitt och elo erëm Millioune vu Spiller un.

D’Borderlands Franchise huet seng Formel fir Succès fonnt a sech op Perfektioun konzentréiert. Ob et perfekt ass, ass eng aner Fro mee dass et fonctionnéiert ass onbestridden.