Life of BryanDragon Quest - De Grousspapp vum Konsolen-RPG

Den 11. Deel vun dem japanesche Rollespill kënnt op der Switch eraus. Mee wat ass Dragon Quest iwwerhaapt?

08.10.2019, 11:00:55

© YouTube Screenshot

Dragon Quest 11: Echoes of an Elusive Age ass viru kuerzem op der Switch verëffentlecht ginn. Vill vun iech wäerte sech elo denken: "Dragon Quest? Nach ni héieren." An dat ass och keng gréisser Iwwerraschung. Anescht wéi Final Fantasy ass Dragon Quest net wierklech bekannt an Europa oder an den USA.

Dobäi ass d'Spill a villen Aspekter de Grousspapp vum Rollespill-Genre op Konsolen, japanesch wéi och westlech. D’Franchise, déi 1986 hiren éischten Deel verëffentlecht huet, ass responsabel fir vill Elementer, déi hautdesdaags essentiell a selbstverständlech an engem Rollespill sinn: Händler, Ausrüstung bauen, esouguer Monster fänken - eppes woufir Pokémon elo am bekanntsten ass, gouf vun Dragon Quest erfonnt.



An net nëmme vum Gameplay hier huet d’Franchise hir Spueren an der Videospill-Geschicht hannerlooss. D’Musek vun Dragon Quest hat onheemlechen Afloss op aner bekannt Spillereien, wéi zum Beispill Final Fantasy an zënter 1987 ginn et reegelméisseg Concerten, op deenen déi Orchester-Musek live gespillt gëtt. D’Spill-Serie war bis viru kuerzem am Weste relativ onbekannt, well net all Deel bei eis verëffentlecht gouf an d’Franchise sech iwwert d’Joren och ni grouss geännert huet.

Zënter 2018 huet sech an deem Departement awer vill geännert. Mam 11. Deel huet Dragon Quest sech esou gutt am Weste verkaf, wéi soss keen Deel. Eng Rei Spin-Offs an d'Präsenz an anere Spiller wéi Smash Ultimate hunn d’Popularitéit vun der Mark endlech eropschéisse gelooss. Dragon Quest ass eng vu menge Liiblings-Spill-Serien a wie sech fir Rollespiller interesséiert, sollt op d'mannst eng Kéier ee Bléck op dësen Industrie-Veteran werfen.