Life of Bryan"Lovecraft" an "Cosmic Horror": Kennt dir d'Gefill?

Den H.P. Lovecraft ass d'Inspiratioun fir vill Deeler vu Pop-Culture. Mee wie war hien?

Leschten Update: 09.10.2019, 12:58:22

© YouTube Screenshot

Wien e bësse beim neien IT 2 opgepasst huet, huet wahrscheinlech matkritt, dass de Clown Pennywise eng al Existenz oder Gottheet ass an dass hien 3 komesch Luuchten a sech huet. Dës Luuchten heeschen "Deadlights" a wa Mënschen an dës Luucht kucken, verléiere se bannent Minutten hire Verstand. Duerch dat blousst Gesi vun eppes verréckt ze ginn ass en interessant Konzept an dréit an der Verfilmung vum Stephen King definitiv zum Mythos vum Pennywise bäi.

Mee de Stephen King war net den éischten, deen dëst Konzept benotzt huet.

Den Auteur, deem dëst zougeschriwwe gëtt, ass den H.P Lovecraft. Gréisstendeels onbekannt zu senge Liefzäiten am spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert, ass den H.P. Lovecraft haut weltwäit berühmt als den Erfinder vun enger eenzegaarteger Ënnerkategorie vum Horror: Lovecraftian Horror oder Cosmic Horror.

Bei Cosmic Horror geet et manner ëm bluddege Mord oder grujeleg Geeschter. Cosmic Horror befaasst sech mat der Angscht, déi Mënsche spieren, wa se mat Saache konfrontéiert ginn, déi si net wierklech verstoe kënnen. Am H.P Lovecraft senge Stories gesi Figuren dacks Saachen, déi hir mënschlech Sënner net faasse kënnen, wat se am um Enn ëm de Verstand bréngt. Dat geet vu monstréise Gëtter, wéi dem wuel bekannten Tentakel Monster Cthulhubis zu der Erkenntnes, dass Mënschen ee wäertlosen Deel am Universum sinn.

Bei Cosmic Horror geet et manner ëm präzis Evenementer a méi ëm existenziell Froen an d'Atmosphär.

Cosmic Horror ze beschreiwen ass dowéinst e bësse schwéier, mee ech perséinlech fannen et ass en onheemlecht coolt Konzept a grondverschidden zu den aneren Zorte vun Horror.