GoT am Eldo-InterviewAm léifsten hätt den Tom Wlaschiha d'Cersei gespillt

De Schauspiller, deen den Jaqen H'ghar verkierpert, fënnt de Schluss vu Game of Thrones "ganz ok".

Leschten Update: 07.10.2019, 12:00:02

© Eldoradio

Den Tom Wlaschiha ass en däitsche Schauspiller, dee virun allem duerch seng Roll als Jaqen H’ghar an der Kult-Serie Game of Thrones bekannt ginn ass. Ma wéi hien den Uruff krut, wousst hien nach guer net wourop e sech do genee aloosse géif well grad mol déi éischt Staffel gedréint gouf a just d'Bicherfans woussten, wat d'Story fir e Potential hätt. Op de Casting huet de Schauspiller sech trotzdeem gefreet an der Hoffnung mol eppes ganz Neies auszeprobéieren. Du koum natierlech d’Zouso an domat huet sech alles geännert. Zanter dem Erfolleg vun der Serie kritt den Tom Wlaschiha allerlee Casting-Ufroen a ka sech elo déi Projeten eraussichen, déi him Spaass maachen.

Ma och wann d’Roll vum „The Faceless Man” perfekt fir hie war, wann e ganz éierlech ass hätt hien awer och gären en anere Charakter verkierpert. Onofhängeg vum Geschlecht, fënnt hien nämlech dem Lena Heady seng Roll, also d'Cersei, schauspilleresch gesinn am Interessantsten. Dat läit awer och dorun, datt hien déi béis Charakteren, also déi sougenannten "bad guys" an all Produktioun faszinéierend fënnt. Och de King Joffrey a Ramsey Bolton waren deemno, ganz anescht wéi bei de Fans, Favoritte vum Schauspiller.



Ma och beim Wonsch, wien dann elo zum Schluss um Troun hätt solle sëtzen, gëtt sech dacks gestridden - Wär et nom Schauspiller gaangen am léifste guer keen... oder villäicht och hie selwer! Iwwregens war den Tom Wlaschiha net enttäuscht vum Schluss, hie fënnt en "ganz ok". Dat ass zwar elo net déi Ausso, déi ee sech als Fan erwaart, ma als Schauspiller wär een och net esou emotional involvéiert ewéi d'Leit, déi d'Serie virun der Tëlee verfollegen.

A wien elo denkt, datt bei esou eng riseger Produktioun jiddereen openeen hänkt an et duerno nach eng grouss glécklech Famill ass, dee gëtt och enttäuscht. Zesummegeschafft huet den Tom Wlashiha haaptsächlech mam Maisie Williams, wat iwwregens och seng Liiblingskollegin war, an eng riseg GoT-Whatsapp Grupp géif et och net ginn. Et géif ee sech zwar ëmmer freeë wann een openeen trëfft, zum Beispill op Comic Cons, ma als Schauspiller ass een awer u Projete gebonnen an esou geet no der Serie jidderee säi Wee.

Dankbar, datt hie bei esou enger Kultserie konnt dobäi sinn, ass den Tom Wlaschiha awer op alle Fall. Ma elo freet hie sech och drop a Filmer matzewierken, an deenen hien net esou vill Leit (on screen) ëmbrénge muss.

Lauschtert Iech hei den Interview un