Parlamentaresch FroFaillite vu Geschäfter wéinst laange Schantercher?

Wéi vill Geschäfter hu wéinst Schantercher virun hirer Dier faillite gemaach? Dat wëll den Deputéierte Roy Reding an enger parlamentarescher Fro wëssen.

Leschten Update: 03.10.2019, 13:37:12

© Eldoradio

Schantercher sinn net nëmmen am Verkéier lästeg, mee sinn dacks och de Grond fir manner Parkplazen a manner Leit an de Geschäfter. Aktuell huet een och d’Gefill dass et ëmmer méi Schantercher ginn, an dat wier jo an deem Sënn net gutt fir d‘Geschäftsleit. D’ADR wollt an enger parlamentarescher Fro wëssen, wéi vill Geschäfter wéinst Schantercher virun hirer Dier Faillite gemaach hunn, a wéi an ob Geschäftsleit am Fall vun engem Schantje virun hirem Geschäft entschiedegt ginn.

Aus der Statistik vun de Faillite kéint een net soen, wéi vill Geschäfter wéinst laange Schantercher virun hirer Dier, hu missen zoumaachen. Dat ass d’Äntwert vum Inneministère op dem ADR-Deputéierte Roy Reding seng parlamentaresch Fro. Wéi de Premier Conseiller Alain Becker aus dem Inneministère schreift, wier et an deene meeschte Fäll een Zesummespill vun e puer Elementer, déi d’Faillite vun engem Betrib provozéieren. Et kéint een d’Faillite nëmme seelen op een eenzege Grond reduzéieren.

Et kann awer zu Faillitte kommen, déi net direkt duerch d’Geschäftsfra oder de Geschäftsmann verschëlt sinn, mä duerch extern Ëmstänn erbäi gefouert goufen. Vu staatlecher Säit wieren do awer keng Entschiedegunge virgesinn, heescht et weider.

Aktuell géif et och kee staatleche Programm fir Entschiedegungen am Fall vu Schantercher ginn. Et géif awer ee Regime vum onfräiwëllegem „chômage technique“ ginn, dee gewëssen Entschiedegungen erlaabt.

Genannt gëtt nach d’Beispill vu Luxtram. Wat dës Schantercher betrëfft, huet Luxtram S.A méiglech Indemnisatioune fir Betriber virgesinn, déi duerch d’Schantercher vum Tram Aboussen an hirem Ëmsaz hunn. Sou wier d’Generaldirektioun vun de Classes moyennes vum Wirtschaftsministère amgaangen, mam Inneministère eng Bestandsopnam an de Gemengen ze maachen.