GoT am Eldo-InterviewVum Full Monty-Stripper zum Här vun de 7 Kinnekslänner

Op enger Insel géif de Mark Addy Béier, Feier an d'Lena Headey (Cersei) mathuelen... oder?!

08.10.2019, 12:00:39

© Eldoradio

Game of Thrones ass eriwwer, also d’Serie. D’Geschicht wäert wuel ëmmer an den Häerze vun de Fans liewen. An déi huet ugefaange mam Robert Baratheon um Iron Throne. Allerdéngs war GoT dee Moment, op deem de Mark Addy d’Roll vum Robert Baratheon krut, nach bal kengem e Begrëff.

Fréier e Kämpfer elo deck, voll a faul – Dës Charakteristike vun der Figur mam Numm Robert Baratheon an eng eenzeg Filmzeen, dat war alles wourop de Mark Addy sech baséiere konnt fir den éischte Casting. Ma dat ass duergaange fir eng 2. Audition, virun där hien nach séier d’Buch gelies huet. Et war awer net nëmmen dem George RR Martin seng genial Story déi gehollef huet, och Hoer a Make-up droen dozou bäi sech 100% an e Charakter eran ze fillen. Mee léif GoT a Baart Fans dir musst elo ganz staark sinn, den ominéise Baart war nëmmen opgepecht, dat allerdéngs a 5 verschiddenen Deeler, esou datt d’Schauspiller hirer Mimik konnten trei bleiwen. 



Och wann de Kostüm, d’Parréck an de Baart net zum Mark Addy sengem Alldag dozougehéieren esou huet de Robert Baratheon hie gepräägt an elo gëtt hien net méi wéinst Full Monty mee wéinst Game of Thrones op der Strooss erkannt. Ma de Schauspiller ass virun allem houfreg op déi méi jonk Acteuren, wéi de Kit Harrington oder d'Sophie Turner, déi wärend der Serie zu talentéierte Schauspiller a Schauspillerinnen opgewuess sinn.

Am beschte verstanen huet hie sech awer mat 2 anere royale Charakteren: Dem Lena Headey als Cersei an dem Sean Bean alias Eddard Stark. Ma wann hie sech iergendeng Roll kéint eraussichen, onofhängeg vum Geschlecht an der Optik, da wier et dem Lena seng, och wann dem Addy no, keen d'Cersei esou spille kéint wéi hatt.

Wann hien awer misst soe wéi ee Charakter him am reelle Liewen am ähnlechste wier, da wär et senger Meenung no wuel de Bron, dat ganz einfach op Grond vum dréchenen Humor.


Als Kinnek vun de 7 Kinnekräicher huet de Schauspiller missen op Wäi schwieren, ma als Privatpersoun géif hie sech ëmmer fir Béier decidéieren. Wat hien nach géif op eng Insel mathuelen a firwat seng Fra dëst villäicht net héiere wëll, dat héiert dir am Eldo-Interview.

Lauschtert Iech hei de ganzen Interview un