Ëmmer nei BedruchsmaschenKreativitéit vun den Täter ass onbegrenzt

Heiansdo héiert ee vu Bedruchsfäll an et freet een sech, wéi een dorop nëmme kann erafalen. An awer schéngt d'Kreativitéit vun den Täter sech ze lounen.

Leschten Update: 03.10.2019, 16:55:57

© Fred TANNEAU / AFP

10'000 Euro Belounung fir Hëllef

De Mëttwoch huet d'Police virun enger neier Bedruchsmasch gewarnt. Hei gi Leit ugeschwat, fir engem Onbekannten dobäi ze hëllefen en Don no enger Ierfschaft ze maachen an dee wëllt den Affer dann 10'000 Euro fir seng Hëllef schenken. Dofir muss d'Affer awer als Beweis fir seng Glafwierdegkeet Suen ophiewe goen, bei der Kontroll vun der Zomm ginn déi an e Sak gestach, den Täter tauscht deen aus a mécht sech da mat de Suen duerch d'Bascht.

Dat klengt skurril an et freet een sech: Wéi kann een dorop erafalen. Ma anscheinend mussen esou Masche jo klappen, well et ginn der genuch an eng ass méi ausgefale wéi déi aner.

De Milliounenierwen, deen d'Bankfraisen net bezuele kann

Wéi dacks krut dir schonn eng E-Mail, déi iech doriwwer informéiert, dass dir 10'000 Euro an enger Lotterie gewonnen hutt an där dir guer net matgespillt hutt. Dofir musst dir nëmmen 1'000 Euro iwwerweise fir d'Bankefraisen ze decken a scho sollen d'Suen op ärem Konto sinn – dat geschitt an der Reegel awer net.

Oder de Prënz aus iergend engem Land wäit ewech, dee seng Ierfschaft a Milliounenhéicht wëllt mat iech deelen. Leider musst dir him hëllefen den Transfert vun de Suen ze bezuelen, dat ëmmer erëm, well d'Bank vun deem aarme Kärel berechent ëmmer nei Fraisen. Mä wat sinn déi puer dausend Euro schonn am Verglach wat do op iech waart, et kléngt wierklech wéi e Mäerchen, an dat ass et och.

Vu falschen Handwierker, Polizisten oder Enkelen

Guer net ze schwätze vum Enkeltrick oder vun de falschen Handwierker oder Polizisten, déi jo och zu Lëtzebuerg ëmmer erëm d'Ronn maachen.

Virun 2 Joer huet d'Kontrollstatioun vu Sandweiler dunn op déi heite Masch opmierksam gemaach, déi schonn e bësse méi spektakulär ass. Verkeefer a potenzielle Keefer vun engem Occasiounsauto treffen sech op engem Parking. De Keefer inspizéiert den Auto, schëtt onbemierkt Waasser an den Ueleg, wëllt en Tour domat maachen a meckert dann iwwer de schwaarzen Damp, deen aus dem Auspuff kënnt. Dat dréckt natierlech uerdentlech de Präis. Ass den Auto da bëlleg kaaft ginn, gëtt doheem séier den Ueleg gewiesselt an alles ass erëm an der Rei.

Et kéint een elo nach genuch där Maschen opzielen an et kommen ëmmer neier dobäi. Wierklech sécher ass een zwar ni dogéint mä op der Strooss Distanz halen an och emol ze hannerfroen, ob eppes net awer ze vill no Mäerche kléngt kann engem vill Sue spueren.