Vill Geld an trotzdeem kee SuHollywood-Staren, déi extrem knéckeg sinn

Dass een op säi Geld well oppassen a spuere wëll ass jo ganz normal. Ma wann ee Milliounen um Konto huet ass dat anscheinend nach méi normal.

Leschten Update: 04.10.2019, 11:02:38

© Pexels

Se hunn alles wat ee sech wënsche kann an awer doen se sech schwéier fir mat aneren ze deelen. Do ginn et eng ganz Rei Hollywood-Stars, déi de Ruff hu besonnesch knéckeg ze sinn.

Dozou gehéiert d'Sängerin Mariah Carey, d'Musekerin ass an aarme Verhältnisser opgewuess a weess och dowéinst ganz genau wat et heescht all Cent mussen 2 Mol ëmzedréinen. D'Pop-Diva ass fir hir Extrawënsch bekannt. Esou hat zum Beispill e Restaurant zu New York extra wéinst der Sängerin seng Diere méi laang opgelooss. Drénkgeld fir d'Personal gouf et  dofir trotzdeem net.


An och d'Kourtney Kardashian gehéiert dozou. Obwuel et zu der räichster Famill aus den USA gehéiert, gëtt gemunkelt, dass et eng relativ egoistesch Persoun wier. Eng Ex-Ugestallte vum Kourtney sot an engem Interview, dass et ëmmer probéiert huet Geld ze spueren, wat jo u sech net schlecht ass, ma och seele selwer fir eppes bezuele wollt.

Déi zwou Schwëstere Mary-Kate an Ashley Olsen hunn mat hirer Mark ''The Row'' eng grouss Firma konnten opbauen. E Stage an der Entreprise vun den Zwillingen ze maache klengt allerdéngs méi cool wéi et wierklech ass. Déi 2 loossen nämlech hir Stagiaire gär ouni Bezuelung do schaffen. Bedenkt ee wéi vill Suen d'Olsen Schwëstere scho gemaach hunn, ass dat awer zimlech absurd.

An och d'Britney Spears soll richteg knéckeg sinn. En Ex-Security vun der Sängerin huet de Popstar nämlech ugeklot well den Ugestallte ganzer 16 Stonnen am Dag fir d'Musekerin geschafft huet an net emol eng Iwwerstonn bezuelt krut. Wien elo mengt, dass seng Méi mat Drénkgeld ausgeglach gouf, deen täuscht sech awer well och dat gëtt et vum Britney Spears seelen.




Lauschtert eran