FuerschungWéi fënnt een am séiersten eng Parkplaz?

Wat ass déi optimal Strategie fir eng Parkplaz ze sichen? Dat hu Fuerscher ënnersicht.

Leschten Update: 07.10.2019, 07:59:16

© Eldoradio

Et ass ee mam Auto ënnerwee an et ass ee presséiert. Mee wou parkt een am beschten an am séiersten?

Do, wou een op alle Fall direkt eppes fënnt, méi wäit ewech vu sengem Zil oder léiwer direkt do wou een hi muss - no bei der Entrée vum Geschäft? Do ginn d’Meenungen auserneen. Ma Physiker hëllefen elo bei dëser Entscheedung.

Lauschtert hei d'Reportage:


Wat ass déi beschte Strategie bei der Sich no enger Parkplaz?

Bei der Sich no enger fräier Parkplaz huelen déi meescht Automobilisten déi Strategie, déi fir si bis ewell am beschte funktionéiert huet. Also aus hirer perséinlecher Erfarung an net aus mathematescher Siicht.

Ma Fuerscher vun der Uni Boston hunn elo an engem Versuch ënnersicht, wat déi optimaalste Strategie bei der Sich no enger Parkplaz ass. Dobäi hu si 3 Strategie gekuckt.

Bei der éischter wëll een d’Zäit am Auto verkierzen an et parkt ee sech direkt op déi éischt fräi Parkplaz, déi ee gesäit, déi allerdéngs méi wäit fort vu sengem Zil ka sinn.

Déi zweet Strategie ass fir déi Automobilisten, déi net esou vill trëppele wëllen. Déi di sou no wéi méiglech un hir d’Zil erufueren, och wa se e puer Mol ronderëm fuere musse fir eng Parkplaz ze fannen.

A bei der drëtter Strategie wielt een net déi éischt fräi Parkplaz eraus déi ee gesäit, mee et fiert een e bësse weider an et vertraut een drop, awer nach e bësse méi no eng ze fannen.

Bei engem Versuch ass deemno erauskomm, datt déi drëtt Strategie déi optimaalsten ass. Si huet an der Moyenne am meeschten Zäit gespuert. Si huet sech awer nëmmen e bësse méi praktesch, wéi déi zweet Strategie erwisen, also déi optimistesch, bei där een direkt virhi fiert, fir seou no wéi méiglech eng Plaz ze fannen.