HIV-SelbsttesterRonn 150 Tester zanter Aféierung verkaf

29,90 Euro kaschten se an 30 Minutten daueren se! D'HIV-Selbsttester si vun Enn November un och an de Supermarchéen disponibel.

Leschten Update: 04.10.2019, 12:08:55

© VALERY HACHE / AFP

Diskret, vertraulech an ouni Fachpersonal méiglech – dat sinn d'Virdeeler vun den HIV-Selbsttester, déi Mëtt Juni ugekënnegt an dunn och relativ séier agefouert goufen. Nach muss een dofir an d'Apdikt lafen, ma an Zukunft sollen se dann och an de Supermarchéeeë verkaf ginn.

HIV-Test ouni Barrière

Bei der Ukënnegung vun den HIV-Selbsttester huet de Gesondheetsminister dovu geschwat Barrièren ze ëmgoen. A genee dat ass d'Zil vun den Tester. Et ass net méi néideg bei en Dokter an e Labo an d'Clinique oder soss eng Struktur ze goen, déi Tester ubitt.

Vum Ministère huet et geheescht, dass et eben esou wier, dass vill Leit sech net géifen trauen en HIV-Test bei deenen Ulafplazen ze maachen – leider schéngt HIV fir vill Leit nach ëmmer en Tabuthema ze sinn. Op all Fall erméiglecht de Selbsttest d'Analys doheem. Bannent enger hallwer Stonn huet een esou d'Diagnos, ob een sech mat HIV ugestach huet oder net, dat awer nëmme wann d'Risikoverhalen, also dee Moment vun deem een denkt, dass een sech ugestach huet, 3 Méint zeréckläit.

Enn November a Supermarchéen disponibel

Zanter dem 11. Juli sinn d'Tester also an den Apdikten ze kréien. Wéini se och an de Supermarchéen verkaft ginn, ass nach net genee gewosst, geplangt ass d'Aféierung awer fir Enn November, also an der nationaler Woch vun der Fréierkennung. Et ass awer ze betounen, dass den Test als zousätzlech Offer ugesi gëtt.

Vum Ministère heescht et, dass een d'Leit encouragéiert sech esou séier wéi méiglech Testen ze loossen, fir esou de Risiko vun Neiinfektiounen ze evitéieren.

Ronn 150 Tester à 29,90 Euro verkaaft

Weider kann ee säi Verhalen dann och deementspriechend upassen. Eng 400 Selbsttester goufe bis ewell bestallt, ronn 150 goufen der an den Apdikten zanter dem 11. Juli verkaf. De Verkafspräis läit bei 29,90 Euro, rembourséiert gëtt den Test awer net.