BezéiungWat Männer méi wichteg ass wéi Sex

Männer denken nëmmen u Sex, sou gëtt behaapt. Falsch! Och wa Sex an enger Bezéiung eng grouss Roll spillt, ginn et aner Saachen, déi dem Mann wichteg sinn.

Leschten Update: 07.10.2019, 06:29:42

© Pexels

All 7 Sekonnen denke Männer u Sex, esou de Mythos. Schwéier virzestellen, well Männer anscheinend jo och keng Experten am Multitasking sinn.
Wéi kënne si sech dann donieft nach op d’Goen, d’Schwätzen an d'Autofuere konzentréieren?
Eben.
Natierlech ginn et Männer, déi an enger Bezéiung och vill Wäert op Sex leeën. Genau wéi bei Fraen ass dat awer bei jiddwerengem ënnerschiddlech... a Sex ass eben net alles!
Och net beim Mann!

Mee wat brauche Männer dann an enger Bezéiung fir glécklech ze sinn? -> Verständnis!

Keen ass perfekt. Feeler, sou laang se verzeilech sinn, gi vu béide Geschlechter gemaach. Dofir schwätzt een an der Bezéiung mateneen. E Mann ass net Dialog-schei, en huet awer Sujeten iwwert déi hie léiwer méi laang schwätzt, wéi iwwert anerer. An dat ass méi wéi nëmme Sport a seng Aarbecht. Léiert hie kennen, schwätzt seng Sprooch. An hie wäert dee selwechten Effort maachen.

Op wat Männer, déi vergi sinn, nach vill Wäert leen, ass -> Bestätegung.

Och wa Männer prinzipiell d’Tendenz hunn an hirem Alldag no Unerkennung ze striewen, ass domat net gemengt, dass de Mann och doheem vun der Partnerin wëll permanent gelueft ginn. Et geet drëms, dass een him heiansdo mol e Kompliment mécht, z.B. wann hie richteg lecker gekacht huet. Vun Zäit zu Zäit seng Bewonnerung fir dat wat de Partner leescht auszedrécken ass och net verkéiert. Dat gëllt natierlech och an déi zwou Richtungen!

Lauschtert hei de ganze Reportage

Eng Bezéiung leeft net ouni -> Vertrauen. Och dat ass dem Mann wichteg.

Engersäits ass et wichteg, dass e Mann senger Partnerin vertraue kann. Op der anerer Säit muss een him och Vertraue schenken. Näischt mécht e Mann méi rosen, wéi permanent mësstrauesch Bemierkungen héieren ze mussen, soubal hie virun d’Dier geet.

E Mann ass net esou komplizéiert wéi ee mengt. Si Männer an der Bezéiung glécklech, gi si och vill zeréck. Vläit weess  Mann dann och iergendwann wéi Frae fonctionnéieren.

Mee dat ass da fir déi nächste Kéier... :)