Weltdag vum DéiereschutzAll Déier e wierdegt Liewen erméiglechen

De 4. Oktober steet ganz am Zeeche vum Déiereschutz. Egal ob Hond, Kaz, Tiger oder och Insekten – all Déier huet d'Recht, geschützt ze ginn.

04.10.2019, 16:27:23

© Unsplash

Hannert engem Weltdag stécht natierlech och e bësse Geschicht, fir ze verstoen, wisou een deen Datum engem speziellen Uleies gewidmet huet. De Weltdag vum Déiereschutz geet bis an d'Joer 1924 op eng entspriechend Fuerderung vun engem Schrëftsteller zeréck. 5 Joer drop gouf um internationalen Déiereschutz-Kongress zu Wien d'Aféierung vum Weltdag vum Déiereschutz guttgeheescht an zënter 1931 gëtt et dëse ganz offiziell.

Sech senger Responsabilitéit bewosst sinn

De 4. Oktober erfëllt den Zweck ze sensibiliséieren an och op d'Thema opmierksam ze maachen. Huet een en Hausdéier soll een dëst richteg behandelen a fleegen. Ass dat net de Fall, kommen dacks d'Déiereschutzveräiner an den Asaz. Natierlech soll ee sech och beim zukünftegen Hausdéier genuch Gedanke maachen a sech bewosst sinn, wat fir eng Verantwortung een op sech hëlt. Grad wéi de Mënsch verdéngt d'Déier e wierdegt Liewen a soll mat Respekt behandelt ginn.

Welt-Rot fir Biodiversitéit warnt virum Aartestierwen

Et geet op dësem Dag nieft Hond a Kaz, also Hausdéieren, och ëm wëll Déierenaarten. Kuckt ee sech d'Aarte weltwäit un, ass et awer en dramatescht Bild, dat d'UNO virausseet: Dem Rapport vum Welt-Rot fir Biodiversitéit no riskéieren eng Millioun Aarten an den nächste Joren auszestierwen. Eleng déi vum Mënsch provozéiert Äerderwiermung kéint ronn 5% vun den Aarten ausläschen, wann d'Grenz vun 2 Grad Celsius vun der globaler Temperatur-Erhéijung iwwerschratt gëtt.

Sech fir de Schutz vun Déieren asetzen

Ma och d'Insekte gehéieren zu de menacéierten Aarten. Fir géint d'Ausstierwe virzegoen, kann ee selwer vill Grénges ronderëm säin Haus stoe loossen. Blummen op der Terrass zéien zwar och am Summer Beien an Bommelen un, ma genee dat brauche si awer fir ze iwwerliewen. An et ass op där Plaz drun ze erënneren, datt et dem Naturschutzgesetz no verbueden ass, wëll Déierenaarten ze verstümmelen oder net gerechtfäerdegt ze zerstéieren. All d'Déier huet d'Recht op e wierdegt d'Liewen, dat dacks vun eis Mënschen erméiglecht ka ginn.