London CallingCocktail-Trends fir 2020

Déi britesch Haaptstad ass am Cocktail-Féiwer.

07.10.2019, 08:00:50

© pixabay.com

Nach bis Enn der Woch kann een am Kader vun der London Cocktail Week déi neisten alkoholesch Trends ausprobéieren an erausfannen, wat fir eng Drinks een dat nächst Joer iwwer op den Terrassen a Bare vun aneren Stied an Europa gebuede kritt.

Lauschtert hei de Reportage:


Do wär zum Beispill den High Tea Spritz – de Successeur vum Apérol Spritz an Hugo – deen et an zwou Varianten gëtt. D’Fréijoersversioun besteet aus Wodka, Äerdbierssirop a Prosecco, wärend bei der Hierschtversioun nach Schwaarztéi-Likör dobäi kënnt. Esou oder esou huet den High Tea Spritz d’Potenzial fir d’Trendgedrénks vun 2020 ze ginn.


Och de beléiften Espresso Martini huet elo en Nofolger, nämlech den Mocha Manhattan. Den traditionellen Manhattan gëtt jo mat Whiskey a Wermut gemaach, mee an dëser Versioun gëtt spezielle kale Kaffi dobäi gemëscht an eng extra Zort Schockelaswhiskey benotzt.

Ween da schlussendlech léiwer Schampescocktailer huet, fir deen ass de Golden Kiss wuel éischter eppes.

Heibäi gëtt de Schampes mat Figen-Likör a Cognac gemëscht an zum Schluss mat Iess-Gold dekoréiert.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter