Oppasse WëldwiesselWat maache bei engem Accident mat Wëld?

De Weekend iwwer krut d'Police eng Dosen Accidenter mat Wëld gemellt. Wéi kann een dës evitéieren? A wat maachen, wann een d'Déier awer ze pake kritt?

Leschten Update: 07.10.2019, 12:48:17

© Unsplash

Grad elo wann et éischter däischter gëtt, klëmmt de Risiko, datt d'Déieren aus dem Bësch op d'Strooss lafen an een dës ze spéit gesäit. Wat mécht een, wann een net méi mat Zäite gebremst kritt? A kann een Accidenter mat Wëld iwwerhaapt evitéieren? De Weekend iwwer krut d'Police deemno eng Dosen esou Accidenter gemellt. Den Zuelen no gi pro Joer souguer 1.200 Accident mat Wëld gezielt, mat Tendenz no uewen.

PDF / Hei d'Recommandatioun vun der Police!

Et ass deemno grad elo de Rappell, besonnesch bei Reen, Niwwel an an der Däischtert besonnesch virsiichteg ënnerwee ze sinn. Gesäit ee Schëlter, déi virun Dreifjuegte warnen? Fouss vum Gas huelen. Fir sech dat Ganzt bei enger Kollisioun besser kënne virzestellen: Ass ee mat 50 km/h ënnerwee an et kritt een e Réi ze paken, kann d'Déier scho mol mat 425 Kilo op den Auto treffen. Nieft enger reduzéierter Vitess soll ee béid Stroossesäiten am Bléck halen: Esou kann d'Déier mat Zäite gesi ginn an et kann een als Chauffer mat Zäite reagéieren.

Steet d'Déier schonn op der Strooss a beweegt sech net, soll een der Police no am beschten Tuten. D'Fare blenden d'Déieren an hënnert si, e Fluchtwee ze fannen a sech vun der Strooss fort ze beweegen. Wa sech eng Kollisioun net méi evitéiere léisst, soll een op kee Fall probéieren auszewäichen, esou schwéier dat och kléngt: Et wëll een natierlech dem Déier net wéidoen, ma och riicht an eppes ze rennen, geet géint all Logik. Ma genee dat ass awer och d'Recommandatioun vun der Police.

Wäicht een aus, kann den Auto un d'Schleidere kommen, an e Bam oder en aneren Auto rennen. Wann een d'Déier ze pake krut: Sécher goen, datt net nach aner Déieren aus dem Bësch gelaf kommen, den Auto mat Winkere siichtbar maachen, d'Warnvest undoen an d'Police uruffen. Huet een de Fall, datt Déier uerg blesséiert gouf, awer nach lieft, dierf een d'Déier net leide loossen - am beschten ass et de Fierschter direkt ze ruffen. Déi meescht Assurancen iwwerhuelen dann d'Schied um Auto, also och direkt do Bescheed soen, ma et kann een och beim ACL no enger Entschiedegung froen.



Et gëllt also opzepassen a virsiichteg ze sinn. D'Déiere gi bei der Sich no Fudder besonnesch aktiv a gi méi dacks iwwert d'Stroossen. Kritesch ass et moies fréi an och an den Owesstonnen.