Den Joaquin Phoenix als "Joker"Ee vun de beschte Filmer 2019?

Den Joaquin Phoenix liwwert eng Performance, déi him vläicht esouguer den Oscar abrénge kéint.

Leschten Update: 07.10.2019, 20:29:40

© YouTube

Wann een un de Batman denkt, kënnt engem automatesch och den Joker an de Kapp. Eng Figur, där an de leschte Joren ëmmer méi Opmierksamkeet geschenkt gouf. Vläicht och wéinst de Schauspiller Jared Leto, Jack Nicholson a virun allem Heath Ledger. Am neien Joker, deen zanter dem 2. Oktober zu Lëtzebuerg leeft, gëtt de Psychopat elo vum Joaquin Phoenix verkierpert.

Den neie Film vum Regisseur, Auteur a Produzent Todd Phillips gëtt aktuell weltwäit diskutéiert. Keen anere Film an den USA, deen am Oktober erauskomm ass, huet um Opening Weekend esouvill agespillt wéi Joker. 93 Milliounen Dollar sinn et der eleng an den USA. 234 Millioune weltwäit. Dat sinn an den éischten dräi Deeg schonn dräi Mol méi wéi déi komplett Produktiounskäschten.



Bei de Kritiker kënnt den neie Joker gemëscht ewech. Vill Stëmme soen, et géif am Film keng eenzeg positiv Minutt ginn an et géing just ëm Misär goen. An den USA huet ee jo gefaart, de Film géif d’Leit zu Amokleef a Revolten animéieren.

Et ass eng Kritik, déi zum Deel verständlech ass. Ëmmerhi geet et ëm e psychesch kranken, traurege Mann, dee komplett eleng ass an deen es genuch huet, vu jidderengem wéi Dreck behandelt ze ginn. No an No gi mir am Film gewuer, wéi aus dem Personnage den Joker gëtt, dee mir aus de Batman-Filmer kennen.

Ma de Fokus op de Misär vum Charakter Arthur Fleck ass et, dee mech an de weltwäite Public esou begeeschtert huet. Mat der Zäit entwéckelt ee géigeniwwer dem Joker esouguer eng Aart Sympathie.

Wat mir gefall huet: Zum Schluss decidéiert de Public selwer, ob d’Handlung vum Film gerechtfäerdegt war oder net.

Joker krut eleng bei senger Avant-Première Standing Ovations. Och gouf et beim Filmfestival zu Venedeg de Präis vum gëllene Léiw.

Et ass nieft Avengers – Endgame dee beschte Film, deen ech dëst Joer gesinn hunn. A fir mech huet de Joaquin Phoenix och en Oscar verdéngt. Hien huet sech komplett op seng Roll agestallt. Sief et kierperlech, awer och mental. De Film ass gläichzäiteg däischter, spannend, krass, traureg, verréckt a brutal.

Ech géif et schued fannen, wann d’Akademie dës Roll an dëse Film géif iwwergoen, just well kritesch Themen ugeschwat ginn.

Am Resumé: Joker ass kee Film, bei deem ee glécklech aus dem Kino geet, ma et sollt een en op kee Fall verpassen.