Oktoberfest 2019Manner Béier a manner Strofdoten

Millioune Liter Béier, honnerten Alkoholvergëftungen an Akkordaarbecht fir d'Polizisten – dat ass eemol am Joer Normalitéit op de Wiesn zu München.

Leschten Update: 07.10.2019, 16:33:32

© Christof STACHE / AFP

D'Münchener Oktoberfest ass an der Tëschenzäit virun allem fir eppes bekannt: Vill Béier, Feieren a Millioune Mënschen, déi sech während den zwou Wochen op de Wiesn versammelen. An och wann d'Münchener Police op Twitter mam Hashtag Wiesnwache déi sëllechen Tëschefäll, déi do onweigerlech geschéien duerchaus mat Humor dokumentéiert huet, fält de Bilan dëst Joer an där Hisiicht positiv aus. 

200'000 Liter Béier manner wéi 2018

Mat 6,3 Millioune Visiteuren hunn ongeféier esou vill Leit et op d'Wiesn gepackt wéi d'Joer virdrun. A reng rechneresch gesinn huet do jidderee méi wéi e Liter Béier gepackt. 7,3 Millioune Maß waren et. Ma wat enorm kléngt ass kee Rekord – et waren ëmmerhin 200'000 Liter manner wéi nach d’Joer virdrun. D'Leit waren also e bësse méi zeréckhalend an dat schléit sech och an den Zuele vun den Alkoholvergëftungen nidder.
Ronn 600 mol war et dem Kierper einfach ze vill Alkohol, dat waren ronn 120 Vergëftunge manner wéi 2018. A wou uerdentlech getankt gëtt, do gëtt och vill giess, eleng 124 Ochsen an 29 Kaalwer hu missten dru gleewen.





Bal 2'000 Asätz fir d'Police

Nieft de Käch an de Serveusen hat d'Police natierlech och all Hänn voll ze dinn, och wann d'Strofdote ganz liicht erofgaange sinn. 914 goufen där registréiert, 469 Leit goufe festgeholl, an 32 Kläppereien huet d'Police missten agräifen an 133 mol waren Täschendéif erfollegräich. Sexualdelikter goufen der 45 registréiert, dat waren der 3 méi wéi dat Joer virdrun.

1'915 Asätz huet d'Police eleng während den 2 Wochen op de Wiesn ze verzeechnen. Dat sinn der zwar däitlech méi wéi dat Joer virdrun. Ma dëst ass der Police no net op méi Kriminalitéit zeréckzeféiere ma éischter dorop, dass d'Visiteuren a geféierlech Situatiounen éischter d'Police geruff hätten.

E-Scooter falen negativ op

Ee Rekord konnt dëst Joer awer gebrach ginn an zwar dee vun de Leit am Verkéier, déi ënner Alkoholafloss gepëtzt gi sinn. 774 goufen der erwëscht, eleng 414 dovun op den esou vill diskutéierten E-Scooteren.

A wann een esou als Visiteur extra fir d'Oktoberfest op München komm ass, da wëllt ee jo och e Souvenir mathuelen, meeschtens a Form vun engem Glas. Vill Leit haten dat och dëst Joer probéiert, bal 97'000 Leit kruten d'Maß-Glas awer direkt un den Ausgäng erëm ofgeholl.