Vill méi ScheedungenDës Hochzäitsdatumer sinn en "No-Go"

Datumer wéi den 20.02.2020 si ganz beléift. Wann dir och mat der Iddi spillt, iech op engem ronnen Datum ze bestueden, da loosst dat awer léiwer sinn...

Leschten Update: 08.10.2019, 09:53:42

© Pexels

Kloer, et mécht sech gutt op der Invitatioun an et kann een duerno jiddwerengem houfreg erzielen, dass ee sech op engem schéinen, ronnen Datum bestuet huet. Där gouf et der an der Vergaangenheet jo genuch, de Klassiker war jorelaang en Datum wéi den 11.11.2011. Zanter 2013 geet dat net méi, trotzdeem hu mer vun Zäit zu Zäit speziell Datumer, wéi eben elo am Februar.

Speziell sinn déi awer net nëmme wéinst der ronner Zuel, ma och d’Aussiichten ob d’Koppel zesumme bleift si speziell. An zwar speziell schlecht.


Fuerscher un der Universitéit Melbourne an Australien hu sech 14 Joer laang Donnéeën iwwert Mariagen a Scheedungen an Holland ugekuckt, fir ze kucken, ob et en Zesummenhang tëscht dem Datum vun der Hochzäit an dem Scheedungstaux gëtt. Bei Koppelen, déi sech op engem ronnen Datum bestuet hunn, war d’Wahrscheinlechkeet 5 mol méi héich, dass si sech scheede loossen, wéi bei all aneren Datumer. Ongeféier all 3. Mariage op z.B. engem 10.11.2012 oder engem 10.10.2010, geet de Fuerscher no iergendwann an d’Bréch. Nach méi kriddeleg ass et wann dir plangt iech u Vältesdag d‘ „Jo“-Wuert ze ginn. Hei sinn et 41 Prozent, déi sech nees scheede loossen.
Lauschtert hei de ganze Reportage

D’Grënn leien op der Hand: D’Koppele kucken eventuell méi op den Datum, wéi op hir Bezéiung. Si sinn dee Moment nach guer net prett fir eng Hochzäit, ignoréieren dat awer a bestueden sech ze fréi. Léift a Vernonft spille bei der Entscheedung eng méi kléng Roll. Haaptsaach e flotten Datum!

Iwwerleet iech also léiwer gutt, wéini dir iech bestuede wëllt. Fir sécher ze sinn, kuckt der net nom Datum, mee dir sicht iech en Dag, op deem dir zwee prett dofir sidd an op deem sech dat Ganzt am beschten organiséiere léisst.