Verännerunge schonn no 1 JoerPerséinlechkeet verännert sech duerch d'Bestietnis

An enger Etüd hu Wëssenschaftler elo erausfonnt, dass Koppelen déi 1 Joer bestuet sinn, sech an hirem Verhalen extrem änneren.

08.10.2019, 13:34:42

© Pexels

Wann ee méi laang mat sengem Partner zesummen ass, verännere sech verschidde Verhalensweise bei der Koppel.

Wëssenschaftler vun der University of Georgia hunn elo an enger Etüd erausfonnt, dass eng frësch bestuete Koppel sech schonn no engem Joer an hirem Verhalen total verännert. Dofir hu se Charaktereegenschafte vun 169 bestuete Koppelen ënnert d'Lupp geholl. Se wollte kucken, wéini sech am Laf vum Bestietnis am meeschten ännert.

Erauskomm ass, dass eng Koppel no ronn 365 Deeg méi onfrëndlech, méi liicht ze reizen a méi ongedëlleg ass. Et fält engem einfach schwéier, sech un déi nei Liewensëmstänn ze gewinnen, esou d'Fuerscher. Dee rosae Brëll verléiert seng Wierkung an den Alldag schléit zou. Dëst soll sech awer erëm apendelen, wann déi 2 sech un d'Zesummeliewe gewinnt hunn.

Domat ass et awer nach net gedoen. Frae kréie manner Loscht eppes ze ënnerhuelen a Männer gi méi introvertéiert. De Fuerscher no, läit dat dorunner, dass d'Koppel sech an enger éischter Phas mol op sech konzentréiere wëll.

Et gëtt awer och nach eng richteg positiv Verännerung, déi d'Wëssenschaftler konnte feststellen. Déi jonk Frae ginn am allgemengen emotional méi ausgeglach, si manner ängschtlech an hunn och manner depressiv Momenter. Bei de Männer deet sech awer och eppes. Si gi méi sensibel an och méi opmierksam. D'Fuerscher erklären dat domadder, dass ee sech als Koppel an engem Bestietnis lues a lues ëmmer méi ähnlech gëtt.


Lauschtert eran