Liewen op ReservWéi steet d'Regierung zum "Overshoot Day"?

De sougenannten "Overshoot Day" bezeechent deen Dag, vun deem u mir Mënsche méi natierlech Ressourcë verbrauchen, wéi d'Äerd capabel ass, ze produzéieren.

Leschten Update: 08.10.2019, 13:28:30

© Tobias SCHWARZ / AFP

Den "Overshoot Day", also deen Dag, vun deem u mir méi natierlech Ressource verbrauchen, wéi op eisem Planéit nowuessen, war zu Lëtzebuerg 2019 schonn de 16. Februar. Am weltwäite Verglach schneit de Grand-Duché domat iwwerhaapt net gutt of, dëse war nämlech den 29. Juli, wat natierlech och net gutt ass. An deem Kontext huet den CSV-Deputéierte Paul Galles eng Partie Froen un d'Ëmweltministesch gestallt.

LINK / Hei d'Parlamentaresch Fro an d'Äntwert!

Wéi seriö hëlt d'Regierung dësen Indicateur? Hei ass et d'Äntwert vum Carole Dieschbourg, datt dësen Dag net wëssenschaftlech beluecht, mee éischter als Sensibiliséierungsaktioun ze verstoen ass: D'Leit solle gesinn, datt déi natierlech Ressourcë begrenzt sinn an ee responsabel domat ëmgoe soll. Der Ministesch no kuckt een awer och op europäesch Direktiven an international Konventiounen, déi festhalen, a wéi eng Richtung d'Ëmwelt- an d'Klimapolitik geet.

Kuckt ee sech d'Nopeschlänner un, kënnt Lëtzebuerg och net immens gutt ewech: An der Belsch war den „Overshoot Day“ de 6. Abrëll, an Däitschland den 3. Mee an a Frankräich de 14. Mee. Dat géif ënnert anerem dorunner leien, datt de Grand-Duché eng „oppen Ekonomie“ virundreift an nieft de Lëtzebuerger Residenten zousätzlech 200.000 Frontalieren dobäi kommen. Doduerch géif e wichtege Faktor fir den "Overshoot Day", dee vum Tanktourismus, natierlech och net manner ginn, esou d'Ministesch.

Wat géif Lëtzebuerg maachen, fir den iwwerdriwwene Ressourcëveverbrauch ze reduzéieren? D'Ministesch nennt ënnert anerem den nationalen Energie- a Klimaplang, den Nohaltegkeets- an Offallwirtschaftsplang – esou Direktive sollen hëllefen, d'Ressourcen, déi mir hunn, ze schounen a virun allem ze schützen. Wéi gesäit et fir nächst Joer aus? De Lëtzebuerger "Overshoot Day" wäert och wéi dëst Joer nees Mëtt Februar sinn, also op en Neits wäit virun der weltwäiter Moyenne.