Tipps & Tricks Wéi treffen ech déi richteg Decisioun?

Wann ee sech fir dat Eent decidéiert, muss een op dat Anert verzichten. Kléngt logesch, ass awer net ëmmer einfach fir dee Choix ze huelen.

09.10.2019, 08:00:22

© Unsplash

An engem Dag treffe mer méi wéi nëmmen eng Entscheedung. Dat geet scho moies un an hält quasi eréischt dann op wa mer eis an d'Bett leeën. Wat iessen ech den Dag iwwer, wat maachen ech no der Schoul oder no der Aarbecht oder wéie Film kucken ech den Owend? Dat sinn déi manner wichteg Decisiounen. Wann een dann awer muss e Choix fir d'Zukunft treffen, z.B a Punkto Beruff, da kann et mol schwiereg gi fir richteg ze decidéieren.

D'Vera Birkenbihl, war eng däitsch Managementtrainerin a Schrëftstellerin an huet e ganz einfachen Tipp fir ganz geziilt déi richteg Decisioun ze treffen.
Ier een en Optrag unhëlt soll ee sech Froen, ob een deen och unhuele géing wann een den Dag drop stierwe géing.
Dat verschaaft engem en extrem klore Bléck, sou d'Vera Birkenbihl.

Dat ass awer nëmmen eng Method. Sech einfach nëmmen Zäit bei sengen Decisiounen huelen ass och schonn e gudde Wee. Natierlech soll ee sech eng Deadline setze fir dass een net a Versuchung kënnt fir dat ganzt an d'Längt ze zéien.

Wat och nach hëlleft ass sech einfach mol bewosst ze gi wat ee wëll an doropshin da säi Choix treffen. Einfach emol no sech kucken, ganz egal wat anerer vun engem denken.

Wann dat awer nach net duer geet fir mat rouegem Gewëssen eng Decisioun ze huelen, dann ass eng weider Iddi nach ëmmer déi gutt al Pro a Kontra Lëscht. Se ass zwar banal, ma et kritt een awer e ganz genauen a gudden Iwwerbléck dovun, wat engem wierklech wichteg ass a wat d'Konsequenze vun der jeeweileger Decisioun sinn.





Lauschtert eran