Weltdag vun der Mentaler Gesondheet„Betraffe Leit si schlecht encadréiert“

Den 10. Oktober ass de Weltdag vun der mentaler Gesondheet – e Weltdag also, deen eppes thematiséiert iwwer dat dacks net oder falsch geschwat gëtt.

Leschten Update: 10.10.2019, 12:42:18

© Pixabay

Net genuch Opklärung iwwer d'Thema „Psychos“

Der WHO no leit ronn 1% vun der Weltbevëlkerung un esou enger Krankheet. Dat wieren iwwer 6'000 Leit eleng zu Lëtzebuerg, hir Famillje guer net mat agerechent. D'Mady Juchem, Vizepresidentin vun der AFPL, der Associatioun fir d'Famillje vu Persoune mat enger Psychos an eng Mamm, déi selwer mat der Krankheet konfrontéiert gouf, ass der Meenung, dass trotz allem net genuch iwwer d'Thematik gewosst ass.

Och fir déi onvirbereete Famill wier dohier d'Krankheet eng enorm Belaaschtung, grad well de Suivi dacks géif feelen. Do géif een da Medikamenter kréien an heemgeschéckt ginn. 

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Strukturen a Suivi feelen

Et wieren net genuch Strukturen do fir Leit, déi mat enger Psychos ze kämpfen hunn, seet d'Mady Juchem. An et wier schwéier ze verstoen, wéi schlëmm d'Situatioun wier als een, deen net selwer betraff ass, grad wann och d'Asiicht vum Betraffene selwer feelt. Et wier ebe schwéier der Betraffener Persoun ze erklären, dass déi Saachen, déi se z.B. héiert, net reell sinn.

D'Medikamenter hëllefen zwar, ma wann de Betraffenen se erëm ofsetzt kann et sinn, dass et net wéi erhofft biergop geet an e weidert Internement néideg ass. Eng Situatioun, déi ee mam richtegen Encadrement kéint opfänken.





Konsum vu Cannabis kann en Ausléiser sinn

Et feelt also un Opklärung, un Encadrement an un Ënnerstëtzung, seet d'Mady Juchem. Dat ënner anerem och an de Schoulen, wou Psychose scho fréizäiteg kéinten erkannt ginn an een och onbedéngt de Konsum vu Cannabis als Ausléiser vun enger Psychos misst thematiséieren.

Den 10. Oktober wäert d'AFPL och an de Stroosse vun Esch, an der Stad a mat engem Stand am Spidol um Kierchbierg präsent si fir Interesséiert do ze informéieren.

Links