Nogefrot!Wéi gesitt dir d'Lag vun der Natioun?

En Dënschdeg huet de Premier Xavier Bettel seng Deklaratioun iwwert d'Lag vun der Natioun gehalen. A wéi schätzt d'Eldoland d'Lag zu Lëtzebuerg an?

Leschten Update: 08.10.2019, 17:21:10

© Eldoradio

Et war déi 1. Ried zur Lag vun der Natioun zanter de Walen 2018. Traditionell ass de Premier Xavier Bettel op déi Sujeten agaangen, déi eis an Zukunft beschäftege wäerten.

Natierlech spillt nieft zukünftege Problemer och déi aktuell Situatioun am Land eng wichteg Roll.

An déi ka jiddweree ganz ënnerschiddlech empfannen. Dofir wollte mir vun iech wëssen, wéi dir d'Situatioun aschätzt! A wéi enger Lag stécht Lëtzebuerg?

Wéi gesitt dir d'Lag vun der Natioun?