Analysen aus e puer EtüdenZesummen iesse mir bal duebel sou vill

Mir iesse bal duebel sou vill wa mir mat aneren zesummen iessen, virun allem wann een d'Leit am Grupp gutt kennt.

Leschten Update: 09.10.2019, 17:59:10

© pexels.com

Mëttes tëscht 12h00 a 14h00 an owes tëscht 18h00 an 20h00 iessen déi meescht Leit. An der Reegel mécht een dat doheem, op der Aarbecht oder am Restaurant. Mee wéi ass et wann een am Grupp oder eleng ësst? Ësst ee méi wann een eleng ass, oder méi am Grupp? Dat wollt elo een Team vu Fuerscher wëssen, an huet dozou eng Partie Etüden iwwer Ernierung analyséiert. Dës Etüd gouf am "American Journal of Clinical Nutrition"  publizéiert.

Am Grupp gëtt bal 50 Prozent méi giess

Een Team vu Fuerscher vun der Uni Oxford huet 42 Etüden iwwer Ernierung analyséiert an unhand vun deenen Daten huet ee festgestallt, dass mir 48 Prozent méi iessen, wa mir a Gesellschaft sinn. Dat läit ënner anerem dorunner dass et Spaass mécht mat aneren zesummen ze sëtzen, ze poteren an dobäi gutt z’iessen. Am Grupp ass et fir deen een oder aneren dann och OK, dee Moment méi wéi soss z‘iessen.





Anescht ass et wann een d'Leit net kennt

De Fuerscher no géif et awer een Ënnerscheed tëscht engem Iesse mat Leit déi ee kennt oder engem Geschäftsiessen oder engem Iesse mat de Schwéiereltere ginn. Virun allem wann een déi aner Persounen net esou gutt kennt, wëll een e gudden Androck maachen an net esou wierke wéi wann een doheem net genuch z’iesse kritt. A sou Fäll ësst een dann éischter manner.

De Fuerscher no géifen sech virun allem Fraen zeréckhalen, wann se mat Männer iesse ginn, dat fir hinnen ze gefalen. Och Leit mat Iwwergewiicht géifen an der Reegel manner am Grupp iessen, fir net negativ opzefale respektiv fir net veruerteelt ze ginn.

Eist Sozialverhale beim Iesse féieren d’Fuerscher op eis Virfaren zeréck, déi als Jeeër a Sammler gelieft hunn. Zesummen ze sëtzen an Iessen ze deelen, huet als eng Aart Versécherung a soumat als Iwwerliewens-Mechanismus gegollt. Doduerch gouf séchergestallt, dass jidderee genuch z'iesse kritt fir z’iwwerliewen. Deemools wousst een nämlech net, wéini et fir d’nächst eppes z'iesse gëtt.

Eisen Instinkt géif eis doranner bestäerken ze deelen, mee och ze kucken dat ee selwer genuch z’iesse kréien. Dat kéint dozou féieren, dass sech e puer Persounen am Grupp dorunner orientéieren, wéi vill Anerer iessen an sech dann upassen. An doduerch kéint et dozou kommen, dat een am Grupp méi ësst.

An deem Sënn: Gudden Appetit!