StreamingDéi bescht Horrorfilmer op Netflix

Wann et dobaussen däischter an naass ass, da kritt ee mol Loscht op e gudden Horrorfilm. D'Fro ass just wéi ee soll ee kucken?

Leschten Update: 10.10.2019, 12:42:25

© Pexels

Ween Horrorfilmer gär huet, dee fënnt op Netflix sécher dat wat e sicht.

Sou ass z.B d'Verfilmung vum Stephen King sengem Roman "Das Spiel" dorop ze fannen. Déi bestuete Koppel Jessie a Gerald versiche wärend engem Week-End-Trip, mat Hëllef vu Fesselspilercher, neie Schwong an hir Bezéiung ze bréngen.



Ouni ze spoilere kann ee soen, dass der Koppel dat net geléngt. Eng Rei u ganz skurrillen Evenementer trieden op, déi den Zuschauer zesummen zucke léisst. Dat well de Film plazeweis richteg eekeleg a gläichzäiteg spannend ass.


Och de Film "Still" ass net fir schwaach Nerven.

D'Maddie ass dafstomm a lieft eleng an engem groussen Haus. Déi jonk Fra muss sech am Film géint e gewalttätegen Abriecher wieren, wat net esou einfach ass, wann ee selwer net ëm Hëllef ruffe kann an een den Abriecher och net héiert.



Et ass e Kaz-a-Maus-Spill dat beim Zuschauer ëmmer erëm fir Héngerhaut suergt.

Mam Film "Ich Seh Ich Seh" ass dem éisträichesche Produzenten-Duo, Veronika Franz an dem Severin Fiala, e reegelrechte Schocker gelongen.

D'Zwillinge Lukas an Elias wunne mat hirer Mamm an engem ofgeleeënen Haus, wou d'Fra sech probéiert vun enger Operatioun an engem Accident ze erhuelen. No an no mierken d'Zwillingen, dass hir Mamm net déi ass déi si gemengt hunn dass se ass.



De Film fänkt ganz harmlos un an hält schliisslech am Psychoterror op.
Domat hutt dir déi perfekte Virlag fir eng richteg Horrornuecht

Lauschtert eran