Méi PrivatsphärInstagram schaaft Stalker-Feature of

Op Instagram kommunizéiert ee mat senge Frënn, et zielt ee senge Follower awer och vill iwwert dat eegent Liewen. Bis ewell méi wéi gewollt.

10.10.2019, 04:00:38

© Manan VATSYAYANA / AFP

Bei Instagram verschwënnt bis Enn der Woch eng „Funktioun“, déi fir Stalker e Genoss, fir de Rescht deemno nerveg a lästeg war. Quasi en digitale Spigel vum gliesene Mënsch, deen all seng Geheimnisser opdeckt a fir déi ganz Welt op de Presentéier-Teller leet. Onfräiwëlleg wuel verstanen.

Sou kann een den „Abonnéiert“-Tab beschreiwen, deen et all Follower erméiglecht huet, sou zimlech all Aktivitéit vun iech ze gesinn. Wiem seng Fotoen iech gefalen, all är Kommentaren an natierlech wiem dir zanter kuerzem followed.

Penibel war dat, wann den Aarbechtskolleg alt nees 18 Fotoen vun Insta-Models op ee Coup geliked huet. Oder wann dir enger nerveger Persoun sot, dass dir de ganze Mëtten net um Handy waart, wärend dir gläichzäiteg fläisseg bei Instagram kommentéiert hutt.

Sécherlech ass och déi eng oder aner Bezéiung dowéinst an d’Bréch gaangen. Stéchwuert „Micro-Cheating“. Ouni Problem konnt ee gesinn, wat de Partner da bei Instagram dreift a wéi intensiv dee sech fir d‘„Konkurrenz“ interesséiert.


Och an der Promi-Welt ass déi Funktioun sécherlech net gutt ukomm. Fir Klaatsch-Zeitungen war et doduerch einfach Rumeuren an d’Welt ze setzen. "Den Tom Hanks followed dësem Ex-Model – Sinn déi zwee eng Koppel??!"

Instagram huet awer net aus soziale Grënn reagéiert an des Funktioun ofgeschaaft. Et hätten nëmme wéineg User dovu Gebrauch gemaach, vill Leit wéissten mol net, dass se existéiert. Existéiert huet. Jee no deem, bei deenen engen ass d’Rubrik „Abonnéiert“ scho verschwonnen, bei deenen aneren ass dëst „Stalker-Tool“ spéitstens Enn der Woch Geschicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage