Nodeeler vu BildschiermerHandy a Co. maachen eis kuerzsiichteg

D'Prognos vun der Weltgesondheetsorganisatioun ass alles anescht wéi gutt: D'Zuel vun de Leit, déi Problemer mat den Aen hunn, wäert weltwäit zouhuelen.

Leschten Update: 09.10.2019, 17:18:56

© Pexels

Grond dofir wieren d'Liewens- an d'Aarbechtsgewunnechten, déi sech an de leschte Jore staark verännert hunn, esou d'Ausso vun der Organisatioun.

Mënsche ginn ëmmer méi al

Op där enger Säit gëtt en natierleche Grond genannt: Well d'Mënschen ëmmer méi al ginn, kommen och eis Aen an d'Joren a mir gesinn ëmmer méi schlecht – logesch Konsequenz also. Ma eng aner Ursaach huet awer mam Mënsch senger zweeter Liiblingsbeschäftegung ze dinn: um Handy hänken. Mir hu gefillt de ganzen Dag iwwer eis 2 Aen op en Ecran geriicht. Dat muss net onbedéngt den Handy sinn, och d'Tëlee, de Laptop an d'Tablett kënnen eis kuerzsiichteg maachen.

Leit mat Diabetis méi ufälleg

Ma net just Smartphone a Co. géifen eis Aen der WHO no méi schlecht maachen: Och d'Zuel vun de Leit, déi un Diabetis erkrankt si géif deen aneren Taux an d'Luucht drécken. Persounen, déi Zockerkrank sinn géifen dacks Schied un der Netzhaut kréien. Och ze wéineg Dagesliicht – wann een déi meescht Zäit dobannen ënnert kënschtlecher Luucht verbréngt – kann zu Problemer mat den Ae féieren. Besonnesch a jonkem Alter ass een esou méi ufälleg, spéider kuerzsiichteg ze ginn.

Méi wéi all 4. Problemer mat Aen

Der Organisatioun no musse méi 2,2 Milliarde Leit op der ganzer Welt domat liewen, net gutt ze gesinn. Dat mécht méi wéi all 4. weltwäit aus. Zemools a Länner mat niddregem Akommes ginn et net genuch Dokteren an Traitementer, déi de Betraffenen hëllefe kéinten. Ganzer 65 Millioune Mënschen si wéinst net behandeltem groe Star komplett blann ginn. WHO-Zuelen no sinn et 800 Millioune Mënschen, déi eigentlech e Brëll, Kontaktlënsen oder soss eng Hëllef bräichten, fir anstänneg ze gesinn.

LINK / Hei de Rapport vun der WHO!