Update bei WhatsAppChat verschlësselen a limitéierte Gruppenchat

An enger Grupp mat Noriichten iwwerrannt gi gehéiert vun elo un zu der Vergaangenheet. A weider Updatë si geplangt.

Leschten Update: 11.10.2019, 15:43:41

© Unsplash

Hei en Update fir eng Verbesserung, dann do nach séier en Download fir en neie Feature - sou gesäit et aktuell an eisem App-Store an och bei WhatsApp aus. D'Hiersteller probéieren hir Applikatioune sou interessant a performant wéi méiglech ze maachen.

Wann ee WABetaInfo gleeft, da soll deemnächst eng Funktioun eraus kommen, déi der Applikatioun et erlaabt, Noriichten no enger Zäit vum selwen ze läschen. Dëst soll awer fir d'éischt nëmmen a Gruppenchats méiglech sinn.

Mam aktuellen Update sinn awer och elo schonn eng ganz Rei nei Funktiounen disponibel. Et kann ee WhatsApp mat engem Code spären. Sou kënnt nëmmen deen an d'App eran, deen och de Code weess - de virwëtzege Partner kann also kee Bléck méi an de Verlaf vum Chat geheien.

Eng Funktioun déi awer am interessantsten ass, betrëfft just d'Gruppenchats. Dacks huet een de Problem, dass am Chat 100 Leit gläichzäiteg schreiwen an een esou den Iwwerbléck extrem séier verléiert. Mam neien Update kann een elo schonn op WhatsApp astellen, dass nëmmen den Admin vun der Grupp Noriichte schécke kann. Domat verhënnert een, dass ee mol eng Stonn net op den Handy kuckt an een op eemol 100 Noriichten an der Grupp ze liesen huet.

Dofir muss ee just selwer dee sinn, deen d'Grupp erstallt huet an an der Grupp op "Gruppeninfo" an dann op "Gruppenastellungen" goen. Hei kann een auswiele wien eppes an den Chat schreiwen dierf. Entweder alleguer oder nëmmen d'Admins.

Lauschtert eran