E-TrottinettenU wéi eng Reegele muss ee sech halen?

Et spezifescht Gesetz fir d'E-Scootere gëtt et (nach) net. De Moment falen se ënner d'Bestëmmunge vum „cycle électrique“, also vum Elektrovëlo.

Leschten Update: 14.10.2019, 17:47:09

© Eldoradio

An der Stad sinn Ufank leschter Woch an der Nuecht op eemol elektresch Trottinette vun der Entreprise Bird an der Stad opgetaucht, obwuel d'Stad dat guer net accordéiert hat. Vun der Entreprise huet et geheescht, dass se scho vill benotzt goufen an och soss gesäit ee virun allem an der Stad an um Kierchbierg ëmmer méi där E-Trottinetten. Déi si praktesch, werfen awer eng Rëtsch Problemer op, grad wann et ëm déi bestoend Gesetzer a Strofe geet.

Déi selwecht Rechter a Flichte wéi e Cyclist

Bis ewell ginn d'E-Trottinetten nach net explizit am Code de la Route ernimmt. Ma dat heescht awer net, dass een sech net un e Gesetz muss halen. Déi elektresch Trottinette sinn nämlech mam Vëlo gläichgesat a falen ënnert d'Bezeechnung „cycle électrique“.

An déi sinn esou definéiert: all Gefier mat op d'mannst 2 Rieder mat oder ouni Sëtz, dat exklusiv mat engem elektresche Moto ugedriwwe gëtt, deem seng maximal undauernd Kraaft net iwwer 0,5 Kilowatt läit. Weider dierf déi maximal Vitesse vum Gefier vum Undriff hir net iwwer 25 Stonnekilometer leien.

Ma dat bréngt net nëmme mat sech, dass een déi selwecht Rechter wéi e Cyclist huet, et huet een och déi selwecht Flichten.

Schwaachpunkt ass dacks d'Sécherheetsequipement

Esou hapert et de Moment nach immens um Equipement vun den Trottinetten. 8 Géigestänn si fir d'Vëloe virgeschriwwen, verschidden Trottinetten hunn déi och all oder bal all. Dat wier eng wäiss oder giel Luucht vun 3 Watt vir, eng Schell, déi op 50 Meter nach ze héieren ass an zwou Bremsen, déi onofhängeg vunenee bremsen.
Op de Rieder kann een déi virgeschriwwe Reflekteren fir de Vëlo awer nëmme schlecht ubréngen, dat selwecht fir déi op de Pedallen. Wat awer erëm geet ass eng Luucht hannen um Schutzblech a Reflekteren no hannen.
Tëscht 49 € a 74 € kann et kaschten, wann een ouni ee vun dëse Géigestänn erwëscht gëtt.

Den Trottoir ass an der Reegel tabu

Natierlech ass et och verbuede fir um Trottoir ze fueren, ausser d'E-Trottinetten gi gedréckt. Och hei kann een eng Strof vu bis zu 74 € riskéieren. Se gehéieren op d'Strooss, op d'Vëlospisten oder dohi, wou explizit duerch Schëlter Vëloen erlaabt sinn, z.B. a verschiddene Foussgängerzonen.

Wéi bei de Vëloen dierften d'E-Trottinetten awer theoretesch op den Trottoire fueren, wa se vu Kanner ënner 13 Joer oder vun enger Begleetpersoun gefuer ginn.

En Helm ass d'selwecht wéi beim Vëlo net virgeschriwwen awer staark recommandéiert.