Faarwen déi unzéienOch Spannen hunn eng Liiblingsfaarf!

Bei guddem Wieder dobaussen entspanen ass flott. Ausser et deet een eppes Gieles un. Mee firwat hunn Insekten e Faibel fir bestëmmte Faarwen?

14.10.2019, 07:08:20

© Pexels

Bei engem relaxe Picknick am Park oder e puer Stonnen op der Terrasse kann ee vun der Sonn profitéieren an dobäi entspanen. Maacht just net de Feeler an dot eppes Gieles un. Dann entspanen nämlech nëmmen nach är Frënn, dir kämpft da just nach mat de Mécken.

Sou ähnlech wéi bei eis Mënschen jiddwereen eng Liiblings-Faarf huet leeft et och an der Déierewelt of. Just nach méi simpel. Do steet nämlech direkt eng ganz Déierenaart op déi selwecht Faarf. Faarwe spille jo generell eng grouss Roll, meeschtens sinn et déi männlech Déieren, déi mat hirer Faarwe-Vilfalt bei de „Ladies“ ukomme wëllen.

Lo ass e gielen Jumpsuit awer kee passende Partner fir eng Méck, firwat gi si dann trotzdeem dovun ugezunn? Dat huet zwee Grënn. Éischtens: Mécken, sou wéi quasi all Insekt, gesi schlecht. Do gëtt keen Ënnerscheed tëscht gielem Outfit oder der Liiblings-Blumm gemaach. Zweetens: Grell Téin zéien un.

Dat well d’Aen vun Déieren, speziell vun Insekten anescht opgebaut ass wéi dat vum Mënsch. Am beschte léisst sech dat bei der Spann erklären. Et ass ee jorelaang dovun ausgaangen, dass Spanne sech net fir Faarwen interesséieren. Mëttlerweil weess een: Fir Arachnophoben ass gréng tabu.

Fuerscher un der Universitéit vu Cincinnati hunn 1200 Wollefs-Spannen virun en Ecran gesat. Um Programm stounge Videoen, op deenen aner Spanne grad „um Nowuess schaffen“. Dobäi gouf ëmmer eng aner Hannergrondfaarf gewisen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D’Resultat: D’Spanner-Spannen hunn am intensiivsten op de gréngen Hannergrond reagéiert. Dat läit dorun, dass Spannen wéinst hirer spezieller Netzhaut dichromatesch gesinn, also just gréng an ultraviolett. Mënsche gesinn trichromatesch, eis Netzhaut-Zelle captéieren rout, gréng a blo. Anescht gesot: Spanne sinn, mat Ausnam vu gréng, faarweblann.

Schonn an der Vergaangenheet gouf mat ähnlechen Tester gekuckt, wéi aner Déiere gesinn. Dat wat fir eis rout ass, gesinn Hënn z.B. giel. Gréng erkenne si dogéint guer net. Kaze ginn iwwregens hirem Ruff gerecht a loossen sech och an deem Fall näischt soen. Si sinn nuetsaktiv a maachen dohier vun hirer Fäegkeet Faarwen ze gesinn, net wierklech Gebrauch.