London CallingLondon Chocolate Week

Déi neisten Trends a punkto Schockela.

Leschten Update: 14.10.2019, 10:48:33

© pixabay.com

D’Londoner loossen et sech am Moment trotz – oder vläicht eben grad wéinst – dem Brexit gutt goen. D’läscht Woch hate mer d’London Cocktail Week an dës Woch geet et weider mat der London Chocolate Week. Hei kann een, wéi den Numm et scho verréit, déi allerneisten Trends a punkto Schockela ausprobéieren – an dobäi ësst een de Schockela net onbedéngt ëmmer.

Lauschtert hei de Reportage:


Dee gréissten Trend, deen een da wahrscheinlech och geschwënn iwwerall op Instagram gesi wäert, ass d’Schokelaskäerz. Dobäi ass net eng Käerz gemengt, déi no Schockela richt, mee e Stéck Schockela dat ausgesäit ewéi eng Käerz, inklusiv engem Duecht deen een ufänke kann, esou, dass de Schockela ronderëm lues a lues schmëlzt. Dat Ganzt soll een dann am beschten mat enger oder zwou Bulle Kueleglace zerwéieren.

© pixabay.com

Och d’Kombinatioun vu Schockela an Thymian ass am Moment total in. Net nëmmen vir ze Iessen, mee och als Gedrénks. Virun allem de Cocktail “Tymne for Chocolate” mat senger Kombinatioun aus Wodka, Wermut, Thymian a Schockela ass e “Must” wärend der London Chocolate Week.

Ween sech dann esou richteg verwinne wëll, dee kann an de Schokelasspa goen. Hei kritt een dann Schokelasmasken, e Schokelaspeeling oder Schokelasmassage gebueden. Zwar däerf een dee Schockela net iessen, mee ëmmerhin richt een herno duerno.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter