Reegelen am SupermarchéWat dierf een, wat net?

Dierf ech Drauwe probéieren, iert ech se kafen? Muss ech fir d'Wuer bezuelen, déi virun der Keess op de Buedem fält a futti fiert?

Leschten Update: 14.10.2019, 17:50:12

© pexels.com

Déi meescht Cliente vun engem Supermarché denke beim Akafen an éischter Linn un hir Akafslëscht a manner un déi rechtlech Hannergrënn. Mee spéitstens am Uebst- a Geméisrayon dauchen déi éischt Onkloerheeten op. Well hei gräife Cliente gären zou a probéieren zum Beispill eng Drauf oder eng Tomate, schliisslech dierf de Client d'Wuer dach iwwerpréiwen, oder net? 

Wat dierf een, wat net?





Uebst a Geméis schmaachen

Ob den Ubléck vun den Drauwen och dat hält wat e versprécht, weess een eréischt, wann een se schmaacht. Also versicht sou munch Client am Uebstrayon déi eng oder aner Fruucht. Mee dierf een einfach sou mol an d’Këscht vun den Drauwen oder anerem Uebst gräifen an dës schmaachen? 

Dat ass ganz streng gesinn Déifstall, well bis de Client un der Keess seng Wuer bezilt, gehéiert d'Wuer dem Supermarché. Et ass ausserdeem net ganz appetitlech an och net ganz hygienesch, wa jidderee mol einfach sou an d'Drauwe gräift.

Wien eppes schmaache wëll, ka gäre beim Verkafspersonal nofroen, déi kommen deem an der Reegel och no.

De Pascal Koehnen vun der ULC:



Wärend dem Akafe gëtt da mol deen een oder aneren duuschtereg a gräift zu enger Fläsch Cola am Rayon an drénkt schonn draus. Och dat ass streng gesinn Déifstall, well nach net fir d'Cola bezuelt gouf an eng eidel Fläsch mol séier zeréck an de Rayon verschwanne kann ouni dat dës bezuelt gëtt.

Wueren upaken, z.B. d'Avocado oder d'Tomate e wéineg undrécke fir ze kucke wéi zeideg dës sinn, ass u sech erlaabt. Hei gëllt awer opzepassen d'Wuer net ze beschiedegen, also sollt ee Feigefill hunn an duuss drop drécken. Kee Mënsch wëll duerno déi zermatschten Avocado oder Tomate kafen.


Verschidde Präisser

Am Rayon gëtt een anere Präis ugewise wéi an der Keess. Wéi ee Präis gëllt hei?

Wann am Rayon de Produit z.B. reduzéiert ass, an et geet een an d’Keess an do gëtt awer een anere Präis ugewisen, an dat fält engem op, da kann een drop hiweisen an et wäert een dann och an den allermeeschte Fäll de reduzéierte Präis bezuelen. Ee Recht dorop huet een awer net, well juristesch gesi gëllt de Präis deen an der Kees ugewise gëtt. Ma et kënnen awer ëmmer Feeler geschéien.

De Pascal Koehnen vun der ULC:





Keesenziedel kontrolléieren 

Wéi séier muss een de Keesenziedel kontrolléieren. Geet et duer, wann een dat am Auto oder doheem mécht?

An de meeschte Keese geet dat mam Ascanne vun de Wueren esou séier dass een net alles matkritt. Et kann ëmmer mol geschéien, dass eng Wuer duebel agescannt gëtt, a weder engem selwer nach dem Caissier dat opfält. Sou sollt een ëmmer bei der Kees de Keesenziedel selwer kontrolléieren. Wann een de Supermarché nämlech verléisst, ass et schwéier nozeweise wie Recht huet.

De Pascal Koehnen vun der ULC:
 

Verpackungen opmaache beim Akafen 

Séier mol d’Schampoingsfläsch opmaachen an checke wéi e richt. Dierf een dat?

Et ass net verbueden, allerdéngs muss een oppassen, dass de Produit beim Test net ausleeft. De Produit deen een test, sollt een nom Zoumaachen ouni Problem weider verkafe kënnen. Dat kléngt jo och logesch, kee wëll een ausgelafe Produit kafen. Am beschten och hei beim Verkafspersonal mol nofroen. 

Verpackunge vu Liewensmëttel dierf een awer net einfach sou opmaachen. Et wëll ee jo selwer keng schonn opgemaachte Cornflakes-Tut kafen wou d'Cornflakes duerno haart sinn oder een oppene Jus kafen, deen no enger Zäit net méi gutt ass.





Futtis Wueren

Ee Moment net opgepasst an zack fält engem eng Fläsch Schampes oder een Ee op de Buedem. Oder et geheit een d'Ketchup-Fläsch an de Weenchen an déi fält ausgerechent op ee Jughurtdëppchen an dee fiert dann op. Muss een dofir bezuelen?

Grondsätzlech gëllt, wien eppes futti mécht, muss fir de Schued opkommen! Mee et hänkt och dovunner of, wat genee futti gefuer ass. Wann z.B. just een Ee oder ee Kornischongsglas op de Buedem gefall ass oder engem onglécklecherweis ee Jughurtsdëppchen opgefuer ass, da weist de Supermarché sech an den allermeeschte Fäll kulant. Anescht ass et wann et sech ëm deier Wueren handelt wéi z.B. eng Televisioun.

De Pascal Koehnen vun der ULC:


Ëmtausch vu Wueren 

Doheem ukomm, stellt ee fest: d’Wuer déi ee kaf huet, ass net déi, déi ee wollt. Amplaz vu Spaghetti huet ee Makkaroni kaf, oder et ass eppes am Produit wou een drop allergesch ass, an dat huet een net gesinn. Kann ee Wueren zeréckbréngen, déi nach intakt si respektiv net ausgepaakt goufen, wann een sech giett huet?

U sech huet ee kee Recht drop. Hei gëllt awer och nees d’Kulanz vum Supermarché. Wichteg a sou engem Fall ass et de Keesenziedel nach ze hunn. An dann hänkt et och vun de Wueren of. Liewensmëttel wéi Fësch oder Fleesch zeréck ze ginn ass e bësse méi kritesch.

De Pascal Koehnen vun der ULC:


Verduerwe Liewensmëttel zeréckbréngen

Et ass een doheem an et muss ee feststellen dass d’Wuer déi ee kaf huet, verduerwen ass. Kann ee verduerwe Liewensmëttel nees zeréckbréngen?

Wa se eréischt nom Kaf schlecht ginn ass, natierlech net. Wa se scho beim Kaf schlecht war an een dat eréischt doheem mierkt, u sech jo, well een en Usproch op eng intakt Wuer huet.

De Pascal Koehnen vun der ULC: