Ëmweltbelaaschtung duerch ZigarettestëmpGinn et Daten?

Wat mécht een am Kampf géint Zigarettestëmp déi d'Leit op de Buedem geheien a ginn et Zuelen déi weise wéi schwéier d'Ëmwelt dowéinst verknascht gëtt?

Leschten Update: 14.10.2019, 17:46:54

© Eldoradio

Wat huet d’Regierung zënter 2013 ënnerholl fir d’Ëmweltverschmotzung duerch Zigarettestëmp ze reduzéieren a wat wäert een an Zukunft dogéint ënnerhuelen? A ginn et eigentlech Date wéi eis Ëmwelt duerch Chemikalien aus dësen Zigarettestëmp belaascht ass?

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet elo am Kader vun enger parlamentarescher Fro op dës 3 Froe vum Marc Goergen vun der Piratepartei geäntwert.

Reegelméisseg Sensibiliséierungs-Campagnen

An hirer Äntwert schreift d’Ëmweltministesch, datt reegelméisseg Sensibiliséierungs-Campagnen organiséiert ginn, fir d’Leit iwwert den Impakt vum Ewechgeheie vun Offall an der Natur opzeklären. Esou Campagnë misst een ëmmer nees lancéieren, fir d’Leit drun ze erënneren, esou och dëst Joer (Hei fann dir weider Detailer).

Daten iwwert den Impakt vun den Zigarettestëmp am Ëmweltberäich ginn et der net vill, esou d’Carole Dieschbourg. Bis ewell hätt een sech méi op den Aspekt vun der Gesondheet an den Zigarette beschäftegt.

1 bis 5 Joer brauch een Zigarettestomp fir sech ze zersetzen

Allgemeng brauch een Zigarettestomp tëscht engem a fënnef Joer fir sech an der Natur ze zersetzen. Wärend där Zäit zerfält en an eenzel Elementer an degradéiert sech zu Mikroplastiker déi an d’Natur kommen. Am Mëttelmier representéieren d’Zigarettestëmp z.B. 40 Prozent vun den Offäll, a se gehéieren zu deenen 10 Offäll déi am meeschten op de Plage fonnt ginn.

Keng Littering-Zuelen

Fir Lëtzebuerg ginn et keng konkret Zuelen, wéi grouss den "Littering" vun Zigaretten ass. Dëst kéint een deemno just ofschätzen. 2018 goufen hei am Land 3 Milliarden Zigarette verkaf. Dovu ginn 80 Prozent an d’Ausland, déi aner 20 Prozent ginn hei gefëmmt. Een Zigarettestomp weit an der Moyenne 22 Gramm. Deemno falen eng ronn 132 Tonnen Zigarettestëmp am Joer un. Wéi vill Zigarettestëmp dovu „gelittert“ ginn, kéint een och net soen, esou d'Ministesch an hirer Äntwert. 

Produzente-Verantwortungssystem fir Tubaksproduite mat Filteren

Aus Etüde geet ervir, dass nach een héijen Taux vu geféierleche Substanzen an all Zigarettestomp dran ass. Dowéinst ginn d’Zigarettestëmp als geféierlechen Offall ugesinn. Wéi d’Ëmweltministesch weider schreift, wëllt ee bis spéitstens ugangs d’nächst Joer een sou genannte Produzenten-Verantwortungssystem opbaue fir Tubaksproduite mat Filteren. Hei sollen d’Produzente vun Zigaretten op d'mannst fir d’Botzen, d’Entsuergen an d’Opstelle vu Sammelbehälter am ëffentleche Raum opkommen. Weider Obligatioune kéinten nach dobäi kommen.

Links