Schluss mam StressWéi kann een no der Schaff am beschten ofschalten?

Den Job net mat Heem ze huelen ass net einfach. Ma et ginn awer Tipps wéi een a sengem Feierowend d'Aarbecht kann hannert sech loossen.

15.10.2019, 12:30:17

© Pexels

8 Stonnen den Dag a 40 Stonnen d'Woch. Esou gesäit den Alldag aus, wann ee mol bis schaffe geet. Ronn ee Véierel vu senger Zäit, ënnerhalb enger Woch, verbréngt een also mat Schaffen. Dass een do net direkt ofschalte kann, wann een Heem kënnt, ass verständlech. Zemools wann ee weess, dass no der Aarbecht, virun der Aarbecht ass.

E ganz banaalt ''Feierowend-Ritual'' kann awer hëllefe fir d'Schaff net mat Heem ze schleefen. E Ritual dat iech weist, dass d'Schaffzäit eriwwer ass an de fräien Deel vum Dag ugefaangen huet.  Et kann een z.B d'Raume vum Schreifdësch als Ritual notzen, de Wee fir Heem oder eventuell souguer e schrëftleche Bilan vum Dag.

Wann ee vun Doheem aus seng Aarbecht mécht, dann ass hei eng gutt Iddi säi Büro zouzespäre wann ee Feierowend huet.

En Tipp deen ech nëmme recommandéiere kann, ass berufflech a privat Kommunikatioun ze trennen. Dozou gehéiert z.B, Doheem keng Maile vun der Aarbecht ze liesen an och no der regulärer Schaffzäit keng Uriff méi unzehuelen. Wann der iech elo absolut net virstelle kënnt, net méi 24 op 24 erreechbar ze sinn, da sidd der schonn am Däiwelskrees dran.

Wann der trotzdeem är Gedanke vun der Schaff mat Heem huelt, da probéiert als leschten Tipp, no der Aarbecht dat opzeschreiwe wat iech beschäftegt. Notéiert alles op en Ziedel a loosst deen do wou der schafft. Symbolesch kann ee sou scho mol seng Gedanken do loossen.





Et kann natierlech och sinn dass dat alles näischt hëlleft. Mee da géing ech mer an ärer Plaz Gedanke maachen, ob deen Job, deen iech esou stresst, iwwerhaapt dee Richtegen ass.

Lauschtert eran