Féx erkläertWéi eng Faarf huet eigentlech d'Sonn?

Während mir d'Sonn meeschtens als giele Krees um Himmel gesinn, kann e jo och emol rout oder orange erschéngen. Ma wat ass dann elo hir richteg Faarf?

15.10.2019, 07:00:42

© Pixabay

Wann een als Kand e Bild gemoolt huet op deem eng Sonn sollt sinn, da war ëmmer ganz kloer, dass e gielen Tuschbic huet missten hier. Well d'Sonn ass eben emol giel, ausser se geet op oder ënner, da kann se och emol orange oder rout sinn. An der Tëschenzäit si mir méi al a wëssen et besser, de Faarfwiessel ass duerch eis Atmosphär bedéngt. Ma ass eis Sonn wierklech giel?

Atmosphär verfälscht d'Faarf

Wat logesch kléngt ass guer net esou evident: D'Sonn gëtt dacks als Feierball bezeechent, se ass waarm a kuckt een se indirekt un, gesäit se och e bësse gielzeg aus. Ma u sech ass et vun der Äerd aus onméiglech, d'Faarf vun der Sonn iwwerhaapt richteg ze erkennen.

A Schold dorun ass eis Atmosphär. Während déi jo och fir de Faarfwiessel bei Sonnenopgank- an -ënnergank responsabel ass, verfälscht se d'Faarf vun der Sonn och während dem Dag. Duerch d'Atmosphär gëtt nämlech en Deel vum Liicht gestreet, dat blot Liicht, dat eng méi kuerz Wellelängt wéi z.B. rout Liicht huet, gëtt dobäi méi staark gestreet an dofir kënnt manner dovu bei eis un.

All d'Faarwe gemëscht

Ma zanter, dass d'Mënsche fir eng éischte Kéier am Weltall waren ass d'Faarf vun der Sonn kloer an op Fotoe gesäit een et däitlech: D'Sonn ass ganz einfach wäiss! Zu der Irritatioun kéint och de Fait bäidroen, dass d'Sonn an d'Stäre-Klass vun de „gielen Zwergen“ gehéiert, och wann déi ebe meeschtens wäiss sinn.

Ma ganz esou einfach ass et awer net. U sech besteet d'Sonneliicht nämlech aus ganz ville verschiddene Faarwen, dat kann een z.B. gutt bei engem Reebou beobachten. Géif een elo um Mount stoen, da géifen sech dës Faarwen all mëschen an an eisen Aen ebe wäiss erginn.

E risege Ball aus Waasserstoff an Helium

Zum Bild vun der gieler Sonn dréit awer och bäi, dass mir dacks e Bild vun engem risege waarme Feierball am Kapp hunn, deen do duerch de Weltall schwieft. A waarm ass e jo, ronn 5'500 Grad un der Uewerfläch, iwwer 1 Millioun Grad huet d'Gas, dat d'Sonn ëmgëtt, déi sougenannte Korona a banne sinn et ongeféier 15 Millioune Grad.

Ma Feier brennt do keent, et ass an der Haaptsaach Waasserstoff an Helium. An enger Kärfusioun verschmëlzt de Waasserstoff bannen an der Sonn zu Helium an dobäi entstinn dann déi enorm Quantitéiten un Energie.