Breaking BadHätt Breaking Bad wierklech eng Fortsetzung gebraucht?!

Den Aaron Paul alias Jesse Pinkman äussert sech zu El Camino

Leschten Update: 15.10.2019, 11:20:14

© YouTube Screenshot / Netflix

Breaking Bad ass eng Serie, vun där jidderee scho mol héieren huet. Emmerhi kéint ee soen, datt et zu engem Stéck Pop-Kultur gehéiert. Ma 2013 ass déi fënneften a leschte Staffel op en Enn gaangen, dat mat engem Schluss, deen a verschiddene Aspekter relativ oppe war.

Esou hu vill Fans vu Breaking Bad sech 6 Joer laang gefrot: Wat geschitt eigentlech mam Jesse Pinkman? Eng Äntwert liwwert elo de neie Film El Camino. An der Haaptroll ass do natierlech den Aaron Paul ze gesinn, dee mat senger Roll eigentlech scho méi laang ofgeschloss hat. Ma de Vice Gilligan, Auteur a Regisseur bei Breaking Bad, krut de Schauspiller iwwerzeegt sech dësem Projet, deen hie weltbekannt gemaacht huet, nach ee Mol unzehuelen.



Ma net nëmmen den Aaron Paul alias Jesse Pinkman war sech ufanks net sécher ob een d'Serie no 6 Joer nees opliewe soll, och Fans si skeptesch. De Schauspiller seet awer, datt déi richteg Breaking Bad-Fans dorop vertraue sollen, datt d'Konzept aus dem Vice Gilligan senger Fieder kënnt an esou dem Kär vun der Serie trei bleift. 

Kuckt iech hei den Trailer un

Ma och bei de Kritiker kënnt El Camino relativ gutt un. Si mer mol éierlech dann hätt Breaking Bad dëse Film net gebraucht - den Aaron Paul allerdéngs schonn: Hien géif als Personnage op ganzer Längt iwwerzeegen.

Lauschtert hei dem Aaron Paul seng Meenung zu El Camino

Ob de Walter White am Endeffekt och am Film opdauche wäert? Iwwerzeegt Iech selwer: El Camino leeft zanter dem 11. Oktober op Netflix.